Piratepartei Lëtzebuerg | E frësche Wand -->

Piratepartei Lëtzebuerg

E frësche Wand

Selbstbestëmmt sexuell Identitéit an Orientéierung – géint Homophobie an Transphobie!

Zum internationalen Dag géint Homophobie an Transphobie erënnert d'Piratepartei drun, dass all Mënsch e Recht op selbstbestëmmt sexuell Identitéit an Orientéierung huet. Eng bestëmmte geschlechtlech oder sexuell Identitéit oder Orientéierung dierf weder als Krankheet oder Perversioun agestuuft ginn, nach als Grond geholl gi fir engem säi Familljeliewen anzeschränken. Selbstbestëmmt sexuell Identitéit an Orientéierung – géint Homophobie an Transphobie! weiderliesen

Newsletter vum Abrëll

Ahoi!

Mat bësse Verspeidung kënne mer iech de Newsletter vum Mount Abrëll presentéieren!

Neie Website

Nodeems eisen ale Website fir e ganze Weekend guer net ze erreeche war (sorry dofir!) hu mer als Ersatz séier eng nei Websäit opgesat! Hues du se scho gesinn? Wann net, da fix op piratepartei.lu klicken!

Den neie Website ass vill méi iwwersiichtlech ewéi di al. Sou liest sech de Programm z.B. besser. Eng weider Neierung ass, dass een elo eis Texter ka kommentéieren. weiderliesen


Grënnung Bezierk Süden

Nom Bezierk Norden ass lo och de Süden um Wee fir seng Strukturen ze schafen. Duerch Grënnung vum Bezierk Süde wäert d’Piratepartei Lëtzebuerg hir Aarbecht en vue vun de Wahlen 2014 weider verbesseren.

D’Grënnung fënnt den 26. Mee am Café Le Pirate zu Esch/Uelzecht, 106 Route de Mondercange, L-4247 ab hallwer 3 statt. Jiddereen deen intresséiert ass, ass häerzlech wëllkomm. Och Net-Memberen däerfe gäre laanscht kommen a matdiskutéieren!

Op der Grënnungsversammlung gëtt de Bezierkscomité gewielt wouduerch de Bezierk Süden no bausse ka representéiert an och d’Aarbecht besser koordinéiert ginn. Donieft gëtt iwwer di generell Strategie vum Bezierk diskutéiert.


Events

  • 20.05 19:00
    Treffen Norden
    Café Pourquoi Pas, Ettelbréck
  • 26.05 14:30
    Grënnung Bezierk Süden
    Café Le Pirate, Esch/Uelzecht
  • 4.06 19:00
    Treffen Süden
    Urban Belval, Esch/Uelzecht
  • 9.06 14:00
    2. Stopp ACTA! Demo
    Gare Centrale, Luxembourg
  • 10.06 19:00
    Treffen Zentrum
    Scott's Pub, Luxembourg