• Lëtzebuergesch Deutsch Francais English
  • Subnavigation

    • Aug

      1.
      2010
    • Regierung erweidert Vorratsdatenspäicherung zu Lëtzebuerg ouni Widderstand

      svnee

      Mëtt Juli huet Parlament di an Lëtzebuerg säit 2005 agesaten Vorratsdatenspäicherung („VDS“) op elektronesch Korrespondenz ausgeweid. Piratepartei Lëtzebuerg kritiséiert dës Ausweidung op dat schäerfst.

      An der Sëtzung vum 13. Juli 2010 hunn 43 Parlamentarier [1] bei nëmmen 10 Géigestëmmen fir Erweiderung vun der verdachtsunabhängegerSpäicherung vun elektroneschen Kommunikatiounsdaten gestemmt. D´VDS zwéngt Telekommunikatiounsubidder zu enger leckeloserIwwerwaachung vun allen Kommunikatiounsvirgäng an hir Späicherung vir 6 Méint. Nodeems Lëtzebuerg net wie vun enger EU Richtlinn gefuerdert VDS op elektronesch Kommunikatioun ausgebaut hat, gouf vun der Kommissioun Ufanks Juli een Verfahren ageleet[2]. „Elo ginn zu Lëtzebuerg also och E-Mails, Internetbesich, Internettelefonie asw ouni den geréngste Verdacht iwwerwaacht“ kritiséiert den Sven Clement, President vun der Piratepartei Lëtzebuerg. „Och wann Parlamentarier vun der EU zu dëser Ëmsetzung opgefuerdert goufen, sou hätten si sech den ëmmer méi groussen Protester géint VDS uschleisen kennen. Leider hunn eis Parlamentarier net de Courage, wie se Deputéierter an den aneren EU Länner hunn!“

      Momentan ass dës Richtlinn an 6 EU Staaten net ëmgesaat[3], dorënner a Schweden, Griichenland, Éisterräich an Däitschland. Am Mäerz 2010 hat dat däitscht Verfassungsgeriicht VDS als verfassungswiddereg erklärt[4]. Kritik kennt souguer vun der EU Kommissioun, sou huetVivianne Reding erklärt, dass „VDS" jidderengem säin Grondrecht op Privatsphäre aschränken“ kann[5]. „Onscholdsvermutung gëtt op de Kapp gestallt. Ouni Verdacht oder richterlech Onuerdnungen gin Letzebeuer elo Daach an Nuet iwwerwaacht.“ Sou den Sven Clement. „Iwwerwaachung huet wäiträichend Risiken. Ween iwwerwaacht gëtt handelt anescht, Meenungs- an Bewegungsfräiheet gëtt ageschränkt. Ganz ze schweigen vun den Folgen vun engem Dateklau bei den Provideren, di Daten späicheren.“

      Et bleift ze hoffen, dass duerch Protester vun aneren EU Staaten EU Kommissioun Richtlinn zur VDS iwwerpréiwe wäert. Op di lëtzebuergeschParlamentarier ass, wie et Ofstëmmung am Juli gewisen huet, keen Verlooss wann et ëm Wahrung vun de Biergerrechter zu Lëtzebuerg geet.

      1. http://sven.lu/pirates/loi20100724.pdf
      2. http://europa.eu/rapid/pressReleasesAction.do?reference=IP/10/677&format...
      3. http://www.netzpolitik.org/2010/vorratsdatenspeicherung-in-6-eu-staaten-...
      4. http://piratepartei.lu/nach-urteil-des-bundesverfassungsgerichts-zur-vor...
      5. http://www.spiegel.de/netzwelt/netzpolitik/0,1518,681245,00.html
    Submitted by svnee on Sun, 08/01/2010 - 00:00

    Creative Commons Lizenzvertrag
    Dieses Werk bzw. Inhalt (ausser Design) steht unter einer Creative Commons Namensnennung-Nicht-kommerziell 3.0 Luxemburg Lizenz.