Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

No den neien NSA-GCHQ-Enthëllungen: Wéi sécher sinn d’Chipkaarten zu Lëtzebuerg?

No de rezente Verëffentlechunge vun der Website "The Intercept", an deene vun engem massiven Ofgrëff vun Donnéeën duerch d'amerikanesch a britesch Sécherheetsdéngschter NSA an GCHQ bei SIM-Kaarte vum Hiersteller Gemalto Riets geet, freet sech d'Piratepartei Lëtzebuerg, op och SIM-Kaarte vu lëtzebuergesche Provideren an aner Chipkaarten zu Lëtzebuerg dovunner betraff sinn. Konkret sollen dës Geheimdéngschter un d'Verschlëssungscode vun der europäescher Firma komm sinn, déi et dësen Déngschter elo erméiglechen, jeeweils komplett Gespréicher an den Datestroum vun de betraffenen Handyen ofzegräifen. Niewent de ... No den neien NSA-GCHQ-Enthëllungen: Wéi sécher sinn d’Chipkaarten zu Lëtzebuerg? weiderliesen

Zum Europäeschen Dateschutzdag – Privatsphär ass e Mënscherecht!

Zum Europäeschen Dateschutzdag den 28. Januar widderhëlt d’Piratepartei, datt de Schutz vun der Privatsphär en essentiellt Mënscherecht ass. Den Dateschutz an de Respekt vum Privaten dierf net deenen zum Affer falen, déi am blannen Aktionismus elo no méi Iwwerwaachung jäizen. D’Pirate fuerderen weider de Stopp vun der Vorratsdatespäicherung, keng weider PNR-Ofkommes, eng komplett an ëffentlech Oplëschtung vun alle staatlechen Datebanken an eng Informatiounscampagne déi d’Bierger driwwer informéiert, wéi eng Donneeën vun ons all gespäichert a verwäert ginn.

Säit 2005 gëllt zu Lëtzebuerg d’Vorratsdatespäicherung – all ons Verbindungsdonnéeë gi säitdeem fir 6 Méint gespäichert, ouni, datt muss e Verdacht op eng Strofdot bestoen. “Nieft dem Ophiewe vun der Onscholdsvermutung stellt d’Vorratsdatespäicherung en enormen Risiko fir den Dateschutz duer an en déiwen Agrëff an d’Privatsphär.” esou de Ben Allard, Präsidiumsmember vun der Piratepartei  “De Justizminister Félix Braz verstoppt sech hannert sengen europäesche Kollegen amplaz Verantwortung ze iwwerhuelen an zu Lëtzebuerg déi Masseniwwerwaachung endlech ze stoppen! Dobäi plangt am Moment laut Aussoen vun der Kommissioun nët mol d’europäesch Kommissioun eng Neioplag vun der Vorratsdatenspeicherung.” Nieft der Vorratsdatespäicherung wiert sech d’Piratepartei och géint weider europäesch Ofkommes, déi den automateschen Austausch vun Passagéierinformatiounen erlaben.

D’Piratepartei fuerdert d’lëtzebuerger Regierung op och endlech eng komplett Lëscht vun den staatlechen Datebanken ze verëffentlechen an d’Bierger driwwer ze informéieren, wéi eng vun hiren Donnéeën gespäichert ginn, a wéi sech dës Donneeën eventuell läsche loossen. “Mir mussen vun der oniwwerluechten Massespäicherung vun ëmmer méi privaten Donnéeën ewech zum Prinzip vun der informationeller Selwerbestëmmung.” esou de Ben Allard weider. Pirate sëtzen sech dofir an, datt Bierger iwwer all Traitement vun hiren Donneeën informéiert ginn. Nei Datebanke, wéi z.B. déi geplangten Datebank fir den e-Santé Service, dierfe just nom “op-in” Prinzip opgesat ginn a privat Donneeë just gesammelt ginn wann déi betraffe Persounen hiren Accord ginn hunn.

“Grad no de schlëmme leschten Deeg musse mer ons essentiell Bierger- a Mënscherechter verteidegen. Genau wéi een Meenungsfräiheet net mat Zensur verteidegt, esou verteidege mer och Privatsphär net mat méi Iwwerwaachung. D’Piratepartei seet ganz kloer zum Mënscherecht op Privatsphär an dem Biergerrecht op informationell Selwerbestëmmung!”


Neijoosch-Pressekonferenz vun der Piratepartei

D’Piratepartei huet um Méindeg, den 19. Januar, op hir Neijoosch-Pressekonferenz invitéiert, an där se e klenge Réckbléck op elo 400 Deeg Regierungszäit vu Blo-Roud-Gréng gemaach huet an och hir Projete fir d’Joer 2015 virgestallt huet.

Ugefaange beim “Renouveau démocratique”, deen, laut dem LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry, de gréissten Debat bedeite géif, dee Lëtzebuerg jee gesinn hätt: no 400 Deeg Regierungszäit vun enger méi progressiver Koalitioun hätt ee sech scho vill kënnen erwaarden. Feststelle muss een allerdéngs, datt ausser Kommunikatiounsdebakel, Projeten aus den Tiräng vun der Virgängerregierung an e puer eegene Projeten, déi stéckweis ëmmer méi verwässert ginn, net méi vill iwwreg bleift. De Sven Clement, President vun der Piratepartei heizou: “Dës Regierung hält et esou mam demokrateschen Debat ewéi d’Regierung virdrun: Et gëtt eppes beschloss, an de Raum gestallt a gewaart, op d’Bierger eppes soen. An elo kënnt den Twist: gëtt sech driwwer opgereegt, dann heescht et ganz einfach: mir goufe falsch verstanen! Eng modern Kommunikatioun gesäit aneschters aus!”

An der Pressekonferenz goung et awer och ëm de Referendum, deen de 7. Juni ofgehale soll ginn. D’Piratepartei begréisst et prinzipiell, datt d’Vollek ëm seng Meenung gefrot gëtt. Dozou den Andy Maar, Generalsekretär vun der Piratepartei: “Mir ginn d’Gefill einfach net lass, datt d’Froe bewosst aus engem parteipolitesche Kalkül gewielt goufen. Et si Froen, bei deenen ënnert de Majoritéitsparteie schonn e Konsens besteet, aner, ganz pertinent Froen, ewéi d’Ämterkumül, d’Fusioun zu engem eenzege Walbezierk fir Lëtzebuerg oder d’Fro iwwert d’Monarchie ginn net gestallt. Des weideren ass dat Hin- an hir, ewéi elo ganz Rezent bei der Trennung tëscht der Kierch an dem Staat, ganz einfach fir de Bierger irreführend. Mir hätten hei ganz gär, datt elo endlech déi konkret Froestellung bekannt muss ginn.”

Doriwwer, datt parallel zu de Virbereedunge vum Referendum mat der Kierch iwwert eng Kompromëssléisung diskutéiert gouf, kann ee streiden. Mir kritiséieren awer ganz entschidden déi ontransparent Virgoensweis. Bis elo sinn nach keng Detailer iwwert den Accord bekannt, deen haut ënnerschriwwe soll ginn. Et gouf net am Virfeld mat de Bierger doriwwer diskutéiert, wéi den zukënftege Lien mat de Cultë soll ausgesinn. Dat mannst wier gewiescht, fir an der Chamber mat den anere gewielte Vertrieder doriwwer ze diskutéieren amplaz déi virun e Fait Accompli ze setzen. Mir hätten dofir gär, datt dës Fro awer nach am Referendum gestallt gëtt, fir datt d’Regierung eng Legitimatioun vun deem Accord vum Bierger kritt.

Och d’Tatsaach, datt d’Chamberparteien nëmmen ënnert sech op den Informatiounsversammlungen diskutéiere wëllen, ass alles aneschters ewéi en Renouveau démocratique. D’Pirate wäerten sech awer während der Referendumskampagn amëschen, an dat mat enger eegener Kampagn. Eis Positiounen zu den am Ament bekannte Froen ass si kloer:

  • Walrecht fir 16 bis 18jähreger: JO
  • Residenzwalrecht: JO
  • D’Bezuele vun de Paie vu Geeschtlecher duerch de Staat: NEE
  • Beschränke vun de Mandatsdauere fir Ministeren: NEE

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!