1. Präambel
3. Urheberrecht
4. Patentwiesen
6. Open Access
7. Géint Zensur
8. Bildung
Déi ëmmer méi schnell digital Revolutioun verännert ëmmer méi eis Denk- a Liewensweis. Et fält oft net nëmmen dem Eenzelne schwéier vir den Iwwerbléck an der Welt vun den Neie Medien ze behalen, mä oft iwwerfuerdert se souguer de staatleche Gesetzgeber an international Organisatiounen. Di duerch modern Netzwierker erméiglecht Globaliséierung vum Wëssen a vun der Kultur vun de Mënschheet stellt déi aktuell rechtlech, wirtschaftlech a sozial Komponente vun der moderner Zivilisatioun ouni Ausnahm op de Préifstand. Falsch Äntwerten op dës nei Erausfuerderungen erméiglechen eng total an totalitär Iwwerwaachungsgesellschaft. Den internationalen Terrorismus a bewosst provozéierten Angscht viru Kriminalitéit ginn als Virwand benotzt vir individuell Fräiheeten ze verklengeren a Biergerrechter ze ënnergruewen. Nëmme Stäerkung vun demokratesche Grondregelen, d'Festhalen oder d'Ausbaue vu grondsätzleche Biergerrechter an d´Upasse vun onzäitgeméisse gesetzleche Regelungen an di nei Denk- a Liewensweis kennen dës Entwécklung stoppen.
De Respekt vun der Privatsphär an eng gläichzäiteg Sécherung vun der informationeller Eegebestëmmung an de fräien Zougang zu Wëssen a Kultur mussen d'Grondprinzipie vun der neier Informatiounsgesellschaft sinn. Ouni dës Grondregelen ass keng demokratesch, sozial gerecht, fräi, global Uerdnung méiglech.
D'Piratepartei Lëtzebuerg versteet sech als Deel vun enger weltwäiter Beweegung di dës Uerdnung zum Virdeel vun allen Mënsche matbestëmme well.
D'Piratepartei Lëtzebuerg konzentréiert sech haaptsächlech op di am Programm genannten Themen, well mir nëmmen esou Méiglechkeet gesinn, dës wichteg Fuerderungen ëmzesetzen an sou de Grondstee vir eng méi oppe Gesellschaft ze leeën. Gläichzäiteg gleewe mir, dass di vun der Piratepartei Lëtzebuerg bekannten Theme vir all Lëtzebuerger an Europäer onofhängeg vu senger politescher Ausriichtung vu Bedeitung sinn. Eng klassesch Positionéierung vun der Piratepartei Lëtzebuerg am traditionelle politesche Spektrum refuséiere mir, well se eis Beméiungen no enger fräier an demokratescher Gesellschaftsuerdnung, dem Erhale vun der Privatsphär an der Fräiheet vu Wëssen a Kultur nëmmen am Wee géing stoen.
De Schutz vun der Privatsphär vum Eenzelne gehéiert zu de Grondprinzipie vum demokratesche Rechtsstat. Geprägt duerch di europäesch Geschicht ass d'Recht op eng Privatsphär en feste Bestanddeel vun nationalen an internationale Gesetzestexter, vun der lëtzebuergescher Konstitutioun bis zur Europäescher Mënscherechtskonventioun. An awer ginn haut opgrond vu moderner Technik, wouvunner fréier Diktatoren nëmmen dreeme konnten, dausende vu Bierger rondrëm d'Auer iwwerwaacht a kontrolléiert. D'Piratepartei Lëtzebuerg seet dëser Entwécklung entscheeden de Krich un, well all Schrëtt a Richtung vun engem Iwwerwaachungsstaat ass ee Schrëtt ze wäit an eng Zukunft, déi eis Europäer ze bekannt ass.
D'Recht op Erhale vun der Privatsphär ass eng fundamental Grondviraussëtzung vun enger demokratescher Gesellschaft. D'Meenungsfräiheet an d'Recht op perséinlech Verwierklechung sinn ouni dës Viraussetzung net ze verwierklechen.
Iwwerwaachungssystemer a –Mesuren, di de Staat géint seng Bierger asetzt mussen andauernd enger Kontroll an enger genauer Analys duerch gewielte Kontrollinstanzen ënnerleien. Di systematesch Iwwerwaachung vun onschëllege Bierger ass eng fundamental Verletzung vum Biergerrecht op Privatsphär. All Bierger muss d'Recht op Anonymitéit, dat an der Verfaassung verankert ass, garantéiert ginn. D'Weiderreeche vu perséinlechen Date vum Staat un d'Privatwirtschaft muss op alle Fall ënnerbonne ginn.
D'Bréifgeheimnis muss erweidert ginn zu engem generelle Kommunikatiounsgeheimnis. Zougrëff op dës Kommunikatiounsmëttel dierf der Regierung nëmmen am Fall vun engem begrënnte Verdacht erlaabt ginn. D'Piratepartei Lëtzebuerg wiert sech géint all Oplockerung vun der Onscholdsvermutung.
Verdachtsonofhängeg Späichere vu Kommunikatiounsdate widdersprécht net nëmmen der Onscholdsvermutung, mais och géint all Prinzip vun enger fräier demokratescher Gesellschaft. De virherrschende Kontrollwahn stellt eng méi eescht Bedroung vun eiser Gesellschaft duer wei den internationalen Terrorismus an generéiert ee Klima vu Mësstrauen an Angscht. Flächendeckend Videoiwwerwaachung vun ëffentleche Plazen, diskutabel Rasterfahndungen an zentral Datebanke sinn Mëttelen, di mir ofleenen.
All Bierger muss d'Recht hunn seng perséinlech Daten zu all Moment zeréckverfollegen, änneren an och läschen ze kennen. Dozou musse virun allem Dateschutzbeoptragte vëlleg onofhängeg kennen agéieren. All Bierger muss géigeniwwer de Bedreiwere vun zentralen Datebanken een duerchsetzbaren a gratis Usproch op Renseignement a falls gewënscht op Korrektur, Sperre oder Läsche vun den Daten hunn.
Sammelen an Notze vu biometreschen Daten a Gentester musse wéinst dem grousse Mëssbrauchspotential eng extra kritesch Bewäertung a Kontroll vun onofhängeger Plaz ënnerleeën. Den Opbau vun zentralen Datebanke mat sou Date muss ënnerbonne ginn. Generell musse Bestëmmungen zum Schutz vu perséinlechen Daten d'Eenzegartegkeete vun digitalen Daten, wéi z.B di méiglech laang Liewensdauer an di schwéier kontrolléierbar Verbreedung, méi staark mat abezu ginn. Grad well Piratepartei Lëtzebuerg vir eng méi staark Befreiung vun Informatiounen, Kultur a Wëssen antrëtt, fuerdert si Datespuersamkeet, Datevermeidung an onofhängeg Kontrolle vu perséinlechen Daten, di fir wirtschaftlech oder administrativ Zwecker genotzt ginn an och Fräiheet an di informationell Eegebestëmmung vum Bierger onnéideg beschränken.
Den uralen Dram, all Wëssen an all Kultur vun der Mënschheet zesummenzedroen, ze späicheren an Haut an an der Zukunft accessibel ze maachen, gëtt duerch di rasant technesch Entwécklung an de leschte Jorzéngten ëmmer méi gräifbar. Wéi all wichteg Innovatioun erfaasst dës villfälteg Liewensberäicher a féiert zu déifgräifende Verännerungen. Et ass eist Ziel, Chancë vun dëser Situatioun ze notzen a viru méigleche Geforen ze warnen. Den aktuelle gesetzleche Kader am Beräich vum Urheberrecht schränkt allerdéngs Potential vun der aktueller Entwécklung an, well se op engem veraalte Verständnis vum sougenannte „geeschtege Besetz“ baséieren, wat enger ugestriefter Wëssens- oder Informatiounsgesellschaft entgéint steet.
Systemer, déi op techneschen Niveau Kopië vu Wierker be- oder verhënneren („Kopeierschutz“, „DRM“, etc.), beschränke kënschtlech hier Disponibilitéit vir aus engem fräie Produit ee wirtschaftlecht ze man. D'Creéiere vun engem kënschtleche Manktem aus reng wirtschaftlechen Zwecker sinn vir eis onmoralesch, an dofir si mir géint dëst Verfahren.
Doriwwer eraus behënneren sinn op villfälteg Art a Weis berechtegt Notzung vu Wierker, erschafen eng vollkommen inakzeptabel Kontroll an oft och Iwwerwaachung vum Notzer a bréngt d'Notze vu Wierker vu kommende Generatiounen a Gefor, deenen den Zougang zu den heitegen Ofspillsystemer feele kéint.
Well sech Kopéierbarkeet vun digital virleiende Wierker technesch net sënnvoll aschränke léist an di flächendeckend Duerchsetzbarkeet vu Verbueder am private Liewensberäich als gescheitert ugesi muss ginn, sollte Chancë vun der allgemenger Disponibilitéit vu Wierker erkannt an genotzt ginn. Mir sinn der Iwwerzeegung, dass d'onkommerziellt Kopéieren a Benotze vu Wierker als natierlech verstan sollt ginn an Interessie vun de meeschten Urheber, entgéint aner Behaaptunge vu bestëmmten Interessegruppen, net negativ beaflosst.
Tatsächlech existéiert eng Villzuel vun innovative Geschäftsmodeller, déi fräi Disponibilitéit bewosst zu hirem Virdeel notzen an Urheber onofhängeger vu bestoende Marchésstrukture maache kënnen.
Dowéinst fuerdere mir d'onkommerziellt Kopéieren, Tauschen, Späicheren an Notze vu Wierker net nëmmen ze legaliséieren, mä och explizit ze förderen, vir di allgemeng Disponibilitéit vun Informatioun, Wëssen an Kultur ze verbesseren. Dëst stellt eng essentiell Grondviraussëtzung vir déi sozial, technesch an wirtschaftlech Weiderentwécklung vun eiser Gesellschaft duer.
Mir gesinn et als eis Verantwortung, d'Kreatioun vu Wierker, besonnesch am Hibléck op d'kulturell Villfalt, ze förderen. Positiv Effekter vun deene gefuerderten Ännerunge sollen am vollen Ëmfang genotzt kenne ginn. Méiglech, awer net ze erwaarden negativ Niewewierkunge musse bei hirem Optrieden no Méiglechkeet minimiséiert ginn.
Am Wandel vun Industrie- zum Informatiouszäitalter entwéckelen sech di weltwäit herrschend Patentreegelen deelweis vum Innovatiounsureiz zur Innovatiounsbrems. De Versuch, vir mat ale Mëttelen d'Zukunft ze gestalten, wäert mat de grondleeënde Verännerungen an der Welt net nëmmen ëmmer manner gerecht, mä en stellt och beispillsweis an de Beräicher vun der Patentéirung vun Erkenntnisser der Genforschung a Biotechnologien an och Beräich vun der Software eng grouss Gefor vir Gesellschaft vu muer duer. Grondsätzlech wëlle mir ee méi oppene Marché ouni di erschwéierend Aschränkunge vun der heiteger Patentpraxis areechen. Mir fuerderen, dass d'Patentsystem reforméiert oder duerch méi sënnvoll Regelungen ersat ginn. Op kee Fall dierf et mat innovatiounsfeindlech Regelungen ergänzt ginn.
Generell ass een Ofbau vu Monopolen an eng Ëffnung vun de Marchéen een erklärt politescht Ziel vun eiser Partei. Patenter als staatlech garantéierte privatwirtschaftlech Monopole stelle grondsätzlech eng kënschtlech Aschränkung vum Allgemengwuel duer.
De verstäerkten internationale Wettbewerb féiert doriwwer eraus méi oft zu enger onzweckméisseger Notzung vum Patentsystem, bei der een oft keen Ausgläich vir Gesellschaft méi erkenne kann. Dem zouhuelende Mëssbrauch vu Patenter wëlle mir dowéinst Paroli gebidden. D'Patentéiere vun Trivialitéiten oder souguer Blockade vum Fortschrëtt duerch Patenter soll ënner allen Ëmstänn verhënnert ginn.
Dëst gelt och an am besonnesche vir de Beräich vun der Pharmaindustrie. Den héije Bedarf u Suen an di monopolarteg Struktur vun dësem Marche musse reorganiséiert gi vir di gesellschaftlech Ressourcë sënnvoll anzesetzen an net duerch Blockaden an zum Virdeel Eenzelner ze verschwenden. Patenter op Pharmazeutika hunn doriwwer eraus zum Deel ethesch héchst verwäerflech Auswierkungen.
Wirtschaftlechen Erfolleg ass an der Informatiounsgesellschaft ëmmer manner vun techneschen Erfindungen, mä vu Wëssen an Informatiounen ofhängeg.
Bestriewen, dës Faktoren elo mam Patentsystem ze reguléieren, steet mat eiser Fuerderung no Fräiheet vu Wëssen a Kultur der Mënschheet diametral entgéint.
Mir sinn an aller Form géint Patenter op Liewewiesen an Gene, op Geschäftsiddien an och op Software, well si onzoumuttbar an onverantwortlech Konsequenzen hunn, well si d'Entwécklung vun der Wëssensgesellschaft behënneren, well si allgemeng Produiten ouni Géigeleeschtung an ouni Nout privatiséieren a well si keng Innovatioun am urspréngleche Sënn duerstellen.
Verengt sech den Zougang zu Wëssen op ee klenge Krees vun Notznéisser, sou kennt et onweigerlech zu enger Bildung vu Muechtstrukturen, déi wéineg Persounen, gesellschaftlech Organisatiounen oder staatlech Organer bevirdeelegt an esou dem demokratesche Prozess vun enger fräier Gesellschaft geféierlech gëtt. Dëst baséiert nämlech op enger méiglechst breeder Bedeelegung vun de Bierger an der Gestaltung a Kontroll vu gesellschaftlechen Developpementer an ass domadder onvereinbar mam Informatiounsvirsprong, dee Puer op Käschte vun der Allgemengheet versichen ze sécheren. Den Abléck an Aarbescht vu Verwaltung a Politik op alle Niveaue vun der staatlecher Uerdnung ass dowéinst ee fundamentaalt Biergerrecht a muss zum Wuel vun der fräier Uerdnung entspriechend garantéiert, geschützt an duerchgesat ginn.
Di aktuell Lag zu Lëtzebuerg gëtt duerch eng Villzuel vun ënnerschiddleche Regelungen op de verschiddenen Niveauen a bei de villfältege Beräicher staatlechen Handele bestëmmt. Zemools mam Hibléck op d'Méiglechkeete vun de Neie Medien ass et ze bedaueren, dass nëmme bësse vum „Prinzip vun der Geheimhaltung“ zugonschte vum „Prinzip vun der Ëffentlechkeet“ verännert ginn. Verwaltung a Politik mussen endlech och an der Hisiicht vun hirer Transparenz géigeniwwer vun de Bierger hiren Déngschtleeschtungscharakter unerkennen an sech grondleeënd dorobber ausriichten, een Informatiounszougank fir de Bierger effizient, komfortabel a mat niddrege Käschten ze erméiglechen.
Besonnesch vir eng Bewäertung vu politeschen Entscheedungsträger ass et dringend noutwenneg, dass d'Grondlage vu politeschen Entscheedungen transparent gemat ginn.
D'Piratepartei Lëtzebuerg well an dësem Sënn d'Transparenz vun allen staatleche Prozesser erwierken a fuerdert dowéinst:
All Bierger huet onofhängeg vum Betreff an ouni Zwang op Begrënnung d'Recht op allen Niveaue vun der staatlecher Uerdnung, Asiicht op Dossieren an op di de jeeweilege Plazen zur Verfügung stoend Informatiounen ze huelen. Dëst gëllt genau sou vir schrëftlecht Dossiere wéi digital oder aner Medien.
Seng Grenze fënnt dëst Recht an de Bestëmmungen zum Schotz vun de Perséinlechkeetsrechter, der nationaler Sécherheet, zum Verhënnere vu Strofdoten a ähnlechem. Dës Ausnameregelunge sinn méiglechst enk an eendeiteg ze formuléieren an dierfen net pauschal ganz Administratiounen oder Verwaltungsgebidder ausgrenzen.
D'Auskonftsplaz ass verpflicht ouni groussen Délai a mat enger kloerer Käschtereegelung, Zougang a Form vun engem Dossier oder enger Kopie ze gewäerden, vir eng breet, efficace Notzung vun de Daten ze erméiglechen.
D'Verweigerung vum Zougank muss schrëftlech begrënnt ginn, a ka vum Demandeur, wéi och vu betraffenen Drëtte geriichtlech iwwerpréift gi loossen, woubäi dem Geriicht zu dësem Zweck vollen Zougang duerch di ëffentlech Plaz garantéiert gi muss.
All ëffentlech Plaze sinn verpflicht, souwuel regelméisseg Organisatiouns- an Tätegkeetsberichter ze verëffentlechen, Resuméë vun den Aarte vun Ënnerlage mat abegraff, op di zougegraff ka ginn, wéi och ee jäerlechen ëffentleche Bericht iwwert Handhabung vum Auskonftsrecht.
Enner besonnescher Berécksichtegung vun den immense Méiglechkeeten, di sech mat der rasanter Entwécklung a Verbreedung duerch Nei Medien erginn, ginn et verschidden Usazpunkte vir dëse grondsätzleche Fuerderunge Rechnung ze droen. Sou solle staatlech Plazen Notzung vu fräier Software forcéieren, eng automatesch Verëffentlechung vun Dokumenter anzeriichten an allgemeng de bëllegsten an opwandsarmsten digitalen Zougrëff ausbauen.
D'Ofkéiere vum „Prinzip vun der Geheimhaltung“, der Verwaltungs- a Politikvirstellung vun engem iwwerkommene Staatsbegrëff, a Betounung op de „Prinzip vun der Ëffentlechkeet“, dat ee mëndege Bierger an de Mëttelpunkt vu staatlechem Handelen a Gestalte stellt, péckt no der fester Iwwerzeegung vun der Piratepartei di absolut noutwenneg Viraussetzunge vir eng modern Wëssensgesellschaft an enger fräier an demokratescher Uerdnung.
Di aus dem Staatsbudget finanzéiert schöpferesch Tätegkeete gi vun der Allgemengheet finanzéiert a sollen dowéinst och vun der Allgemengheet gratis zur Verfügung stoen.
Publikatiounen aus staatlech finanzéierter oder geförderter Fuerschung a Leier dierfen net nëmme bei kommerziellen Editeure publizéiert ginn, mä mussen an de Bibliothéike vun de Fuerschungsariichtunge gratis zur Verfügung gestallt ginn. Wëssen a Fuerschung muss vir jiddereen zougänglech sinn, zemools fir de Steierzueler, dee fir d'Käschte vun de Publikatiounen opkënnt.
Mir ënnerstëtzen d'Berliner Erklärung vun der Open-Access-Beweegung an fuerderen en ëffentlechen Zougang zu de wëssenschaftlechen a kulturellen Errongenschafte vun der Mënschheet iwwert den Internet nom Prinzip vum Open Access. Mir gesinn et als Aufgab vum Staat un, dëse Prinzip an dem vun him finanzéierten a geförderten Ariichtungen duerchzesetzen.
Mir fuerderen, dass d'Software an aner digital Produiten, di mat ëffentleche Mëttele produzéiert ginn, mat an dëst Open-Access-Konzept abezu ginn. Wierker, di vun oder am Optrag vu staatleche Plazen erstellt ginn, sollen der Ëffentlechkeet zur fräier Verwendung zur Verfügung gestallt ginn. De Quelltext vun der Software muss dobäi Deel vun der Verëffentlechung sinn.
Dëst ass net nëmmen zum direkten Notze vun der Ëffentlechkeet, mä och di staatlech Plaze kenne vu Verbesserungen duerch d'Ëffentlechkeet profitéieren (Open-Source-Prinzip/Fräi Software). Weiderhi wäert di Nohaltegkeet vun ëffentlech agesater IT-Infrastruktur verbessert an Ofhängegkeet vu Softwareentwéckler verklengert ginn.
An enger moderner, multimedialer Welt di duerch global Netzer ëmmer méi enk matenaner verbonne gëtt, ass et onméiglech Inhalter permanent an effizient ze ënnerdrécken oder ze verbidden. Well d'Piratepartei Lëtzebuerg vum Standpunkt ausgeet, dass all Mënsch verantwortungsvoll an am Interêt vun der Gesellschaft handele wäert, kann him och zougetraut ginn all Informatioun di en interesséiert opzehuelen.
D'Meenungsfräiheet ass no internationalen an europäesche Konventiounen ee fundamentaalt Mënscherecht, dat vu kenger staatlecher Instanz a Fro gestallt dierf ginn. Genau dëse Grondsaz gëtt awer duerch Zensurustrengungen ignoréiert. An enger fräier a multimedialer Welt ass eng fräi Press an d'Recht, seng eege Meenung oppen auszeschwätzen onëmgänglech. Een demokratesche Staat dierf dës Meenungsäusserunge net ënnerbannen oder erschwéieren. Kultur a Konscht muss sech fräi entfale kennen an dierf net vum Staat kontrolléiert, verännert oder verbuede ginn.
Dowéinst ass d'Piratepartei Lëtzebuerg géint all Art vun Zensur, sief et der Press, dem Internet oder beim Fernseher, Literatur, Videosspiller, Musik an all aner Art vu Konscht.
All Mënsch huet d'Recht op fräien Zougang zu Informatioun a Bildung, onofhängeg vu sengem sozialen Hannergrond. Bildungsariichtungen, ob Schoul oder Universitéite musse gratis an ouni Limite vir jiddereen zougänglech sinn.
Bildung ass net gläichzesetze mam Ofschaffe vun engem Léierkatalog, mä muss flexibel op eng oppen an sech verännerend Welt ugepasst kenne ginn. Individuell Betreiung erméiglecht et d'Stäerkte vu jidderengem ze ënnersträichen a Schwächten ofzebauen.
D'Schoulen an d'Universitéite beaflosse jonk Mënschen a mussen dowéinst souwäit wéi méiglech demokratesch geuerdnet sinn. Bildung muss sech op di verännert Mediewelt upassen a Kanner a Jugendlecher op d'Aflëss vu „Neie Medien“ virbereeden. Vir di deeglech Informatiounsflut ze veraarbechten a verstoen ze kenne muss d'Schoul Kanner a Jugendlecher a Mediekompetenz ënnerriichten: vum einfachen Ëmgang mat „Social Networks“ wéi Facebook, d'Verhalensreegele vir online Foren a Chats (z.B. keng Adress, richteg Nimm oder Fotoen ëffentlech zougänglech ze man) bis hin zu der kritescher Ausernanersetzung mat de Medien.
D'Pirate fuerderen dowéinst de fräien Zougang fir all Bierger zu Bildungsariichtungen, méi flexibel Aarbechtsmethoden an de Schoulen an Universitéiten an d'Educatioun vu Kanner a Jugendlechen a Mediekompetenz!
Fir Reesender ass een Europa ouni Grenze schon säit dem Schengener Ofkommen eng Realitéit a kee stellt haut nach den Notze vun dësem Ofkommen a Fro. Gläichzäiteg fënnt een am „vereenten Europa“ ëmmer rëm kënschtlech Grenzen, di vu reng virtueller Natur sinn. Sief et de Pay-TV-Sender deen nëmmen a bestëmmte Länner ze empfaangen ass an dann och nach mat jeeweils ënnerschiddleche Kanäl, Kinofilmer di zu ënnerschiddleche Startdatumer erauskommen oder Internetgeschäfter di nëmmen a bestëmmt Staaten liwweren.
D'Piratepartei Lëtzebuerg setzt sech dofir an, dass kënschtlech Aschränkungen am innereuropäeschen Handel ofgebaut ginn, an Händler wei och Service-Ubidder dobäi ënnerstëtzt ginn hiert Angebot op di gesamt Europäesch Unioun auszebauen.
Modern Gesellschaften si gekennzeechent vun enger Fräiheet a Villfalt u kulturelle, reliéisen an weltanschaulechen Astellungen. D’Staatswiesen huet d’Pflicht dës Fräiheeten ze garantéieren. Mir erkennen a respektéieren d’Bedeitung, di individuell reliéis a moralesch Anschauleche fir den eenzele Mënsch erlaange kennen. Reliouns- a Glawensfräiheet bedeit awer net nëmmen d’Fräiheet säin eegene Glawen ze liewen, mä eben och d’Fräiheet virun engem reliéisen Diktat.
Ee weltleche Staat erfuerdert eng strikt Neutralitéit vun alle staatlechen Ugeleeënheete vis-à-vis vu Glawensgemeinschaften. All finanziell a strukturell Avantage vu Glawensgemeinschafte sinn ofzeschafen, genau wéi all Ënnerdréckung vu Glawensrichtungen, déi mat de rechtsstaatleche Prinzipie vun eiser Demokratie vereinbar sinn, ze verhënnere sinn.
Jiddwer Mënsch huet d’Recht op ee Liewen an enger Welt, déi weder fir seng Gesondheet, nach fir déi vu senger Famill geféierlech ass.
Mir halen et dofir fir falsch dës Welt duerch Ëmweltverschmotzung a Ressourceverschwendung futti ze man. Dëst wieren nämlech gravéierend grenz- a generatiouneniwwergräifend Aschnëtt an d’Rechter vun den aktuellen a kommende Generatiounen.
Aus dëser Iwwerleeung eraus setzt sech d’Piratepartei fir d’Erhale vun der Ëmwelt, d’Verbesserung vu Liewensraim an engem nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen an.
Zu Lëtzebuerg bedeit Demokratie am Moment, datt een all 5 Joer e puer Deputéiert wielt. ‘Demokratie’ (griichesch fir ‘d'Herrschaft vum Vollek’) bedeit awer vill méi wéi nëmmen dat! Säit Joren hänkt d’Gläichgewiicht tëscht dem Wëlle vum Vollek an dem Ofstëmmungsverhalen an der Chamber gewalteg schif. D’Méiglechkeete fir de Bierger, op d’Gestaltung vun der Politik Afloss ze huelen, sinn zu Lëtzebuerg vill ze geréng. Et ass dofir noutwenneg (dem Adenauer säi Sproch ze liewen an) „mehr Demokratie wagen“
Digital Medien acceleréieren den Informatiounsaustausch an der Gesellschaft immens. Et ass an der aktueller Zäit eppes Einfaches, a grousse Quantitéite vun Informatiounen ze sichen an dës jidderengem accessibel ze man. Dëst alles erméiglecht ganz nei a bis elo ondenkbar Léisunge fir d’Verdeelung vun der Muecht am Staat. Virun allem eng Dezentraliséierung vu Verwaltungen a generell Systemer gëtt doduerch vill méi einfach.
D’digital Revolutioun erlaabt de Mënschen eng Weiderentwécklung vun der Demokratie, bei där d’Fräiheet, d’Grondrechter, virun allem d’Meenungsfräiheet wéi och d’Méiglechkeete vu jidderengem fir matzebestëmme gestäerkt ginn. D’Piratepartei gesäit et als hir Aufgab, d’Upassung vun der geliefter Demokratie am Grand-Duché un déi nei Méiglechkeete vum 21. Jorhonnert ze begleeden a mat ze gestalten.
D’Pirate striewen no enger méiglechst grousser demokratescher Gläichstellung vun alle Mënschen. Aus dësem Grond ass et d’Zil vun der Piratepartei, déi direkt an indirekt Méiglechkeete fir demokratesch mat ze bestëmme vu jidderengem ze stäerken an d’Partizipatioun vun all Bierger weider auszebauen.
Och fir direktdemokratesch Initiativë muss ee vill méi staark Mooss u Verbindlechkeet gesetzlech verankert ginn. Déi schon an anere Staate mat Succès agesate Méiglechkeete vun engem elektronesche Petitiounswiese soll och zu Lëtzebuerg agefouert ginn. Nei Forme vun der Biergerbedeelegung mat Hëllef vu medialen Interaktioune mussen entwéckelt a getest ginn. Nei Modeller vun der partizipativer Demokratie, wéi z.B. Ee Biergerhaushalt sinn ze entwéckelen an ëmzesetzen.

Dieses Werk bzw. Inhalt (ausser Design) steht unter einer Creative Commons Namensnennung-Nicht-kommerziell 3.0 Luxemburg Lizenz.