• Lëtzebuergesch Deutsch Francais English
  • Subnavigation

    • Jan

      2.
      2012
    • Gëff Sympathisant!

      Du wëlls d’Piratepartei ënnerstëtzen, bass awer nach net bereed fir Member ze ginn? Da gëff Sympathisant!

      Sympathisanten ënnerstëtzen d’Piratepartei mat engem Don vun mindestens 5€ a kréie vun ons eng Pirate cARRd:

    • Dec

      15.
      2011
    • E-Mail un Europadeputéiert wéinst ACTA

      Nodeems den Anti-Counterfeiting Trade Agreement, kuerz ACTA, vum EU-Rot ugeholl gouf ass d'EU-Parlament dat eenzegt Organ wat dëse mënscherechtsfeindlechen Traité nach verhënnere kann.

      Mir hunn dowéinst eng Standartmail zesummegeschriwwen, deen een un di lëtzebuergesch an aner EU-Parlamentarier schécke kann:

    • Nov

      5.
      2011
    • Beoptragungen - Hëllef gesicht!

      D'Piratepartei gëtt ëmmer mi grouss an ëmmer méi Aarbecht steet virun der Dier. Nëmme wa mer zesumme schaffe kréie mer et hin als Partei voller Benevolen d'Partei um Liewen ze halen. Dofir sicht de Präsidium Beoptragter, déi verschidden, spezifesch Aufgaben iwwerhuelen.

    • Oct

      1.
      2011
    • Newsletter September 2011

      Häerzlech Wëllkomm an Ahoi beim 23. Newsletter vun der Piratepartei Lëtzebuerg!

      D'Pirateparteie weltwäit an och mir zu Lëtzebuerg hunn en ereignisräiche Mount hannert ons. Nieft de Wahlen zu Berlin huet de Projet Depuwatch héich Wellen geschloen. Awer och den Oktober wäert e wichtege Mount fir d'Piratepartei sinn: sou hale mer den 29. Oktober mat ville Frënn aus dem Ausland onsen zweete Landeskongress of!

      Ier mer zu dësen a weideren Theme komme vir d'éischt awer...

      Häerzlech wëllkomm un all neien Member!

    • Sep

      30.
      2011
    • Aktioun Vorratsdatenspäicherung

      Dësen Post baséiert op engem Blogpost vum Sven Clement.

      Opgrond vum Gesetz vum 30. Mee 2005 (abrogéiert 28. Juli 2011)1 mussen Telefonsprovideren genee wéi Internetprovideren verschidden Donnéeën vun all Abonné während 6 Méint späicheren. Dëst Gesetz gouf gestëmmt fir Terrorismus ze bekämpfen mee stellt all normale Bierger ënnert Generalverdacht. Dofir ass et onakzeptabel datt dës Donnéeë gespäichert gin. Vue datt dëst am Moment awer de Fall ass, hat ech d’Idee fir de System e bëssen ze trollen.

    • Sep

      12.
      2011
    • Opruff zur Participatioun un der "Freedom not Fear"

      D'Piratepartei Lëtzebuerg ënnerstëtzt och dëst Joer d'Manifestatioun "Freedom not Fear" a rifft all Member an interesséiert Persoun op sech un dëser Demonstratioun géint den Iwwerwaachungswahn ze bedeelegen. Alles wichteges zur "FNF" steet am Pressecommuniqué:

      Freedom not Fear 2011 - Demonstration gegen den Überwachungswahn am 17. September 2011

    • Sep

      12.
      2011
    • Aufruf zur Teilnahme an der "Freedom not Fear"

      Die Piratenpartei Luxemburg unterstützt auch dieses Jahr die "Freedom not Fear" und ruft alle Mitglieder und interessierte Personen auf an dieser Demonstration gegen den Überwachungswahn teil zu nehmen. Alles weitere zur "FNF" in der Pressemitteilung:

      Freedom not Fear 2011 - Demonstration gegen den Überwachungswahn am 17. September 2011

    • Sep

      1.
      2011
    • Newsletter August 2011

      Häerzlech Wëllkomm an Ahoi beim 22. Newsletter vun der Piratepartei Lëtzebuerg!

      Den 8. Mount am Joer ass eriwwer. Perfekt Zäit also fir en éischten Tëschebilan vum Joer 2011 ze maachen an op déi nächst Woche bis zum Landeskongress 2011 ze kucken!

      Réckbléck Januar 2011 - August 2011

      Memberszuel a Finanzen

      Säit Ufank vum Joer huet d'Piratepartei 20 nei Membere kritt, sou dass mer elo bei engem Total vun 104 Piraten zu Lëtzebuerg stinn. Dovun hun 56 Leit hir Memberscotisatioun bezuelt.

    • Aug

      15.
      2011
    • Nordiste gesicht!

      Ahoi léif Nordisten,

      Nodeems d'Piratepartei 2 Joer laang nëmmen ob nationalem Niveau existéiert huet, gëtt elo dorunner geschafft fir Bezierker ze grënnen. Den Ufank dobäi mëscht den "Norden", well et an dëser Regioun déi héchste Membersdicht gëtt.

    • Aug

      7.
      2011
    • Projet de loi 5950

      De Projet de Loi 5950 ass den 28. Oktober 2008 vun de Ministere Claude Wiseler an Jean-Marie Halsdorf lancéiert ginn. De Projet soll zwou grouss Ännerunge mat sech bréngen. Eng Kéier soll di momentan Carte d'Identité duerch en neien elektronesche Personalausweis ersat ginn. Fir d'Zweet soll dann en nationaalt Persouneregister agefouert ginn. Dës gëtt vun der Piratepartei kritesch am Aa behalen, vue dass virun allem mam elektronesche Personalauswäis schlecht Erfahrunge bei onsen däitschen Nopere gemat gi sinn.

    • Aug

      1.
      2011
    • Newsletter Juli 2011

      Häerzlech Wëllkomm beim Eenanzwanzegste Piratepartei-Newsletter!

      29. Oktober - uerdentleche Landeskongress 2011!

      Den 29. Oktober rout am Kalenner usträichen! Deen Dag ass nämlech de uerdentlechen Landeskongress 2011 vun der Piratepartei Lëtzebuerg!

      Jiddereen kanns bis zum 15. Oktober Programm- a Satzungsännerungsunträg areechen! Wann s de also der Meenung bass de Pirate feelt e wichtege Punkt an hirem Programm, schlo se fir!

    • Jul

      2.
      2011
    • Newsletter Juni 2011

      Häerzlech wëllkomm beim Zwanzegste Piratepartei Newsletter!

      Ahoi Sause

      D'Piratepartei Lëtzebuerg, Rheinland-Pfalz an Saarland invitéieren all interesséiert Persoun op d'Ahoi Sause. Den 16. Juli Nomëttes treffen sech um Bostalsee an Däitschland Pirate fir zesummen ze grillen, ze schwammen, ze schwätzen an sech kennen ze léieren. D'international Zesummenaarbecht bei de Pirate war schon ëmmer staark, verpasst d'Chance net Piraten aus aner Länner an relaxer Atmosphär kennen ze léieren!

    • Jun

      1.
      2011
    • Newsletter Mee 2011

      Häerzlech wëllkomm beim Nonzéngte Piratepartei Newsletter!

      #Servergate

      Den 20. Mee kuerz no 9 Auer huet déi däitsch Police d'Serveuren vun der Piratepartei Däitschland konfiskéiert an domadder zwee Deeg virun der Wahl a Bremen d'Kommunikatiouns- an d'Meenungsbildungsstrukturen vun der Partei staark geschwächt. D'Piratepartei Lëtzebuerg ënnersträicht, dass et sech bei den Ermëttlungen net ëm d'Piratepartei selwer dréint an huet hirer Schwesterpartei och schon Ënnerstëtzung zougesprach.

    • May

      30.
      2011
    • Oppene Bréif un di spuenesch Ambassade

      D'Piratepartei Lëtzebuerg fuerdert den Ausseminister Asselborn op wéi bei den Demonstratiounen an Nordafrika kloer Stellung zu de Virfäll a Spuenien ze huelen an sech op d'Säit vun den Demonstranten ze stellen. "Esou onmënschlech Virfäll dierfen net ignoréiert ginn!", seet de Sven Clement, President vun der Piratepartei. "Alles aneschters ewéi eng vollstänneg Opklärung vun den Hannergrënn ass engem EU-Memberstat net ugemiessen!"

    • May

      26.
      2011
    • Open Letter concerning Bradley Manning and issues on Freedom of Speech and Information

      Sent via postal mail on May 26

      Dear Mr. Campbell,

      I am gravely concerned about the recent developments regarding the incarceration of alleged whistleblower Bradley Manning. These developments point to a potential shift in the values of Freedom of Speech and Freedom of Information. These shifts are slowly endangering rule of law which we considered the USA an exceptional example of. Witness to these shifts are the conditions under which Mr Manning is held in custody for more than a year as of today.

    • May

      23.
      2011
    • Offener Brief an den Botschafter der BRD bzgl. Abschaltung der Infrastruktur der Piratenpartei

      gesendet per Brief am 23.05.2011, vorab per E-Mail

      Offener Brief der Piratenpartei Luxemburg an den Botschafter der Bundesrepublik Deutschland bzgl. der Abschaltung der Kommunikations- und Meinungsbildungsinfrastruktur der Piratenpartei Deutschland

      Sehr geehrter Herr Botschafter Dr. Hubertus von Morr,

      Ich wende mich an Sie in Bezug auf die Ereignisse von Freitag, den 20. Mai 2011, welche mich an der demokratischen Integrität der Bundesrepublik Deutschland haben zweifeln lassen.

    • May

      20.
      2011
    • Piratepartei Däitschland Server konfiskéiert - Infos zu #servergate

      Den 20. Mee kuerz no 9 Auer huet déi däitsch Police d'Serveuren vun der Piratepartei Däitschland konfiskéiert an domadder zwee Deeg virun der Wahl a Bremen d'Kommunikatiouns- an d'Meenungsbildungsstrukturen vun der Partei staark geschwächt. D'Piratepartei Lëtzebuerg ënnersträicht, dass et sech bei den Ermëttlungen net ëm d'Piratepartei selwer dréint an huet hirer Schwesterpartei och schon Ënnerstëtzung zougesprach.

    • May

      2.
      2011
    • Newsletter Abrëll 2011

      Häerzlech wëllkomm beim uechtzéngte Piratepartei Newsletter!

      Gemengewahlen 2011

      D'Piratepartei Lëtzebuerg wäert net bei den nächste Gemengewahle matmaachen. D'Ziel vun der Piratepartei war et säit der Grënnung eng zolidd Basis fir d'Chamber- an Europawahlen 2014 op d'Been ze stellen. Eng Partei, déi sech bei deGemengewahle presentéiert huet d'Verpflichtung hier Kandidate finanziell, technesch a politesch ze ënnerstëtzen. Zwee Joer no hirer Grënnung ass et net verwonnerlech, dass d'Piratepartei des Kapazitéite momentan nach net huet.

    • Apr

      7.
      2011
    • Wisou den Numm "Piratepartei"?

      Dëst ass eng Iwwersätzung vun engem Blogpost vum Grënner vun der schwedescher Piratepartei, Rick Falkvinge.

      Ech ginn oft nom Numm vun der Piratepartei gefrot, zemools am internationale Kontext. Ass en serieux? Ass en een Hindernis? Funktionéiert en? D'Äntwerte sinn jo, nee, an jo, an dëser Reiefolleg.

    • Apr

      4.
      2011
    • Newsletter März 2011

      Häerzlech wëllkomm beim siwwenzéngte Piratepartei Newsletter!

      Landeskongress

      Den 20. Mäerz huet d'Piratepartei hiren ausseruerdentleche Landeskongress ofgehalen. Dëse Kongress hat just d'Neiwahl vum Präsidium zum Zweck, wat duerch de Récktrëtt vum David Doerfel als Trésorier néideg war.

      Den neie Präsidium besteet aus 6 Leit déi sech hei virstellen: http://piratepartei.lu/organer

    • Apr

      2.
      2011
    • Oppene Bréif un d'Membere vum Europäesche Parlament an der Europäescher Kommissioun

      d'Piratepartei Lëtzebuerg huet offiziell folgenden Bréif ënnerschriwwen

      Keng Patenter op Deieren an Planzen!

      Dir Dammen an Hären,

      mir schreiwen Iech, vir Iech iwwer aktuell Problemer ze informéieren, déi duerch dat momentan Europäescht Patentrecht verursaacht ginn. Mir sinn zemools iwwer Patenter op Planzen an Deieren an hir Auswierkungen op Baueren, Ziichter an Verbraucher op d'Innovatioun an d'biologesch Diversitéit besuergt.

    • Mar

      22.
      2011
    • Bericht: Pirate Parties International Konferenz 11. - 13. März 2011

      Es folgt ein nur leicht abgeänderter Bericht der Piratenpartei Schweiz und Deutschland. Viel Spaß beim Lesen!

      Ca. 70 Piraten aus über 20 Ländern haben am Wochenende des 11.- 13. März an der Pirate Parties International Konferenz im deutschen Friedrichshafen, nahe der Schweizer Grenze, teilgenommen. Viele wohnten dem Geschehen auch via Stream bei. Dies war die erste ordentliche Versammlung seit der Gründung der Organisation am 18. April 2010 in Brüssel[3]. Für die Piratenpartei Luxemburg nahmen Sven Clement und Sven Cannivy teil, Jerry Weyer war als PPI Co-Chairman vor Ort.

    • Feb

      11.
      2011
    • Ënnerstëtzung vun der schrëftlecher Erklärung Nr. 82/2010 zu INDECT

      Den 10. Februar huet den Alexander Alvaro (Europadeputéierten aus Däitschland) dozou opgeruff hie wéinst senger schrëftlecher Erklärung Nr. 82/2010 ze ënnerstëtzen. Dat maache mir ganz gären! Huelt Iech e puer Minutten Zäit an schreift Ären Europadeputéierten eng E-Mail vir si op d'Thema INDECT opmierksam ze maachen a vir ee besseren Abléck an domadder eng erhéichten Transparenz an de Projet INDECT ze kréien!

    • Feb

      8.
      2011
    • Onofhängegkeetserklärung vum Cyberspace

      Zu hierem 15 jährege Jubiläum verëffentlëche mer d'"Onofhängechkeetserklärung vum Cyberspace" vum John Perry Barlow vun 1996. En eeleren Text mat aktuellem Inhalt, deen jidereen zum Nodenken ureegen soll!

      Onofhängegkeetserklärung vum Cyberspace

      Regierunge vun der industrieller Welt, Dir midd Giganten aus Fleesch a Stol, ech kommen aus dem Cyberspace, der neier Heemecht vum Geescht. Am Numm vun der Zukunft bieden ech Iech, Vertrieder aus enger vergaangener Zäit: Loosst eis mat Rou! Dir sidd bei eis net wëllkomm. Wou mir eis treffen, hutt dir keng Muecht méi.

    • Feb

      3.
      2011
    • Newsletter Januar 2011

      Häerzlech wëllkomm beim fofzéngte Piratepartei Newsletter!

      *Pirate géint d'Vollekszielung: zensus11.piraten.lu*

      Säit Ënn Januar leeft ons Aktiounssäit zensus11.piraten.lu géint d'Vollekszielung 2011. Nieft Informatiounen an heefeg gestallte Froe ginn et och puer Tipps wéi een sech géint d'Vollekszielung wiere kann! Dësen Site ass wéi sou oft en Resultat vun inhaltlech Aarbecht vun onsen aktiven Memberen, deene mer häerzlechst Merci fir hiren Asaz soen!

    • Jan

      3.
      2011
    • Newsletter Dezember 2010

      Häerzlech wëllkomm beim véierzéngte Piratepartei Newsletter!

      Am leschten Newsletter vum Joer 2010 wëlle mer am Numm vum Präsidium jidderengem en gutt neit Joer wënschen. D'Joer 2010 war fir d'Piratepartei en ganz erfollegräicht; ons Memberszuel klëmmt Mount fir Mount, mir sinn regelméisseg present an der lëtzebuergescher Press, onse éischten Landeskongress ass hannert ons a mir hunn aktiv fir ons Theme werbe konnten e.a. mat der Partizipatioun op der Freedom not Fear Demonstratioun an der Ënnerstëtzung vu Wikileaks. Allerdéngs wier näischt méiglech gewiescht ouni Är Ënnerstëtzung a Mathëllef. Dofir en decke Merci un all Member, Sympathisant an interesséiert Persoun, déi d'Piratepartei am Joer 2010 ënnerstëtzt huet!

    • Oct

      28.
      2010
    • Aktiounsbündnis géint d´Iwwerwaachung rifft zur "Freedom not Fear" Demonstratioun op

      D´Aktiounsbündnis „Freedom not Fear“ rifft zur Participatioun um Protestmarche géint d´Iwwerwaachung de 6. November 2010 op. De Protestmarche fänkt um 14:00 Auer bei der Gare an der Staat un an wäert sech op d´Place d´Armes beweegen. Do wäerten ab 15:00 Auer Informatiounsstänn op d´Risiken an d´Folge vu staatlecher a privater Iwwerwaachung opmierksam maachen.

    • Oct

      27.
      2010
    • David Doerfel als Trésorier zréckgetrueden

      Den Trésorier vun der Piratepartei, den David Doerfel, kann aus beruffleche Grënn an aner Verbindlechkeete leider d'Zäit net méi opbrénge fir senger Tätegkeet als Trésorier nozekommen. Dofir ass hien als Trésorier zréck getrueden.

      De gesamte Parteipräsidium wëll dem David Merci soe fir seng Aarbecht bei der Piratepartei. Als Grënnungsmember war hie vun Ufank un derbäi an huet en groussen Undeel um Erfolleg vun der Partei. Mir wënschen him alles guddes an hoffen, dass wann hien iergendwann d'Zäit rëm fënnt bei der Piratepartei matzeschaffen.

    • Aug

      31.
      2010
    • Newsletter August 2010

      Häerzlech wëllkomm beim zengte Piratepartei Newsletter!

      Landeskongress 2010 - Location, Anträg an Mëttesiessen

      De Landeskongress den 18. September kënnt ëmmer mei no. Zäit fir sech dei neitsten Informatiounen unzekucken:

      D'Location fir de Landeskongress steet!
      Den 18. September treffen sech d'Piraten am:

      Hôtel-Restaurant Dahm,
      57 Porte des Ardennes,
      L- 9145 Erpeldange,
      Luxembourg

    • Jun

      30.
      2010
    • Newsletter Juni 2010

      Häerzlech wëllkomm beim aachte Piratepartei Lëtzebuerg Newsletter!

      Mat dësem aachten Newsletter féiere mer en neit Format an: de Piratepartei Newsletter ass keng Sammlung vu Linke méi ma resuméiert d'Aktioune vun der Piratepartei Lëtzebuerg an de Piraten international. Dofir benotze mer elo onsen Twitter Account (http://twitter.com/PirateparteiLu ) fir interessant Links ze verbreeden! Op dës Art a Weis bass Du ëmmer um Lafende wat d'Piratepartei an ons Themaen ugeet!

    • Apr

      30.
      2010
    • Newsletter vum 30 Abrëll 2010

      Häerzlech wëllkomm beim siwenten Newsletter vun der Piratepartei Lëtzebuerg!

      Am Abrëll ass d'Piratepartei rëm e gutt Stéck méi grouss ginn. Mir begréissen all neie Member häerzlech a ruffen iech op matzemaache bei der Piratepartei: Matmaache. Den Highlight vum Mount war sécherlech d'Grënnungsversammlung vun der Pirate Parties International (PPI) un deeër d'Piratepartei deelgeholl huet. Ma och national gëtt de frësche Wand ëmmer méi staark! Déi éischt Merchandising Artikele sinn bestallt a geschwënn bereet fir ënnert d'Leit ze bréngen. Natierlech wieren d'Piraten net d'Pirate wann dës Ausgaben net transparent a fir all Member ëffentlech wieren: Parteikonto.

      Vill Spaass beim Newsletter (dës Kéier ausnahmsweis op däitsch)

    • Mar

      31.
      2010
    • Newsletter vum 31 März 2010

      Häerzlech wëllkomm beim sechsten Newsletter vun der Piratepartei Lëtzebuerg! Nodeems leschte Mount d'international Cooperatioun am Mëttelpunkt stoung gouf sech dëse Mount op internt Ofleef an Lëtzebuerg konzentréiert.

    • Feb

      28.
      2010
    • Newsletter vum 28 Februar 2010

      Häerzlech wëllkomm beim fënneften Newsletter vun der Piratepartei Lëtzebuerg!

      D'Piratepartei Lëtzebuerg engagéiert sech ëmmer méi op internationalem Plang! Déi lescht puer Wochen hunn Membere vum Präsidium un verschiddenen internationale Projekte matgeschafft, déi et den Pirateparteien an Europa an der ganzer Welt erméigleche wäerten nach méi Leit ze erreechen. Donieft hu mer dëse Mount déi franséisch Piratepartei.lu Websäit online gesaat! An ob national oder international: mir siche Leit, déi ons hëllefen Texter ze iwwersetzen! Sief et eng Pressematdeelung oder eng Websäit, ee Flyer oder eng E-Mail, besonnesch un franséischen Iwwersetzer mangelt et nach! Wanns Du interesséiert bass der Piratepartei ze hëllefe mëll dech op ahoi@piratepartei.lu!

    • Jan

      30.
      2010
    • Newsletter vum 30 Januar 2010

      Häerzlech wëllkomm beim véierten Newsletter vun der Piratepartei Lëtzebuerg!

      Mat e bëssen Verspéidung wënschen mer jidderengem deen dësen Newsletter liest en gutt neit Joer 2010! Mir hoffen op en erfollegräicht Joer fir d'Piratepartei an hier Memberen! Villäicht hues du der den gudden Virsaz geholl dech dëst Joer aktiv fir deng Rechter anzesetzen? D'Piratepartei ass wie ëmmer oppen fir all Hëllef; eng Mail un ahoi@piratepartei.lu geet duer fir matzemaan!

    • Dec

      19.
      2009
    • Florian Hufsky - rest in pixel

      Eng traureg Noriicht kënnt aus Éisträich: den Florian Hufsky, Grënner an eemolege Vorstandsvorsitzender vun der Piratepartei Éisträich ass de 16. Dezember verstuerwen. D'Piratepartei Lëtzebuerg wëll op dësem Wee der Famill an de Frënn vum Florian Hufksy hiert Bäileed ausdrécken.

      Jiddereen, deen fir de Florian Hufsky ee Message wëll hannerloosse kann dat op www.restinpixel.at man.

    • Dec

      11.
      2009
    • Wiert iech géint den 'Anti-Counterfeiting Trade Agreement!

      Call for Action der Pirate Party International

      Liebe Mitglieder der Piratenpartei,

      die Vereinigten Staaten von Amerika üben in diesen Tagen weltweit starken Druck auf ihre Handelspartner aus, um den ACTA-Vertrag [1] zum Abschluss zu bringen. Dieses globale Wirtschaftsabkommen soll bereits 2010 schnellstmöglich in Kraft treten.

    • Nov

      7.
      2009
    • Néit Ausgesinn an d'Zukunft

      Der Relaunch der Piratenidentität soll nicht nur äusserlich eine Dynamik der Piratenpartei symbolisieren, sondern auch eine erste heisse Phase einläuten wo es vor allem um das Werben von neuen Piraten geht.

    Creative Commons Lizenzvertrag
    Dieses Werk bzw. Inhalt (ausser Design) steht unter einer Creative Commons Namensnennung-Nicht-kommerziell 3.0 Luxemburg Lizenz.