Nom Virbild vun der schwedescher "Piratpartiet", déi sech Ufank 2006 gegrënnt huet, bilden sech weltwäit nei Pirateparteien.
D'Piratepartei Lëtzebuerg beméit sech och ëmmer rëm Kontakter zum Ausland an internationale Piratepartei op- an auszebauen. Mir sëtzen ons virun allem fir eng Cooperatioun an internationale Gruppe an. Momentan ennerstëtzt d'Piratepartei Lëtzebuerg folgend international Organisatiounen:

D'Piratepartei Lëtzebuerg ass Grënnungsmember vun den Pirate Parties International (PPI). Säit dem 18. Abrëll 2010 ass dës Dachorganisatioun fir d'international Coordinatioun vun de Pirateparteien zoustänneg.
Méi Informatiounen sinn op der PPI Websäit ze fannen: http://www.pp-international.net/

D'Piratepartei Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Organisatioun Piraten ohen Grenzen (POG) säit der Grënnung am März 2010. Dës Organisatioun wëll dei eenzel Piraten méi no zesumme bréngen an coordinéiert d'international Zesummenaarbescht vun den Piraten. Héi kann jiddereen Member ginn, deen d'Ideen vun den Piraten ënnerstëtzt!
Méi Informatiounen sinn op der POG Websäit ze fannen: http://wiki.piraten-ohne-grenzen.org/Main_Page
![]()
DACHLuke ass dei däitschsproocheg Organisatioun vun den Pirateparteien aus Däitschland, Ëisträich, der Schwäiz a Lëtzebuerg. Héi treffen sech d'Firstänn vun den jeweilegen Parteien an diskutéieren iwwer d'Art a Weis wéi een d'Zesummenaarbescht vun den däitschsproochegen Parteien weider ausbauen kann. Aus dëser Zesummenaarbescht ass d'Idee zu den Piraten ohne Grenzen entstaanen.
Méi Informatiounen sinn op der DACHLuke Websäit ze fannen: http://wiki.piraten-ohne-grenzen.org/DACHLuke

Nom Récktrëtt vum Trésorier am November 2010 huet sech d'Piratepartei Lëtzebuerg den 20. Mäerz 2011 am Hotel Mercure an der Staat-Lëtzebuerg zum ausseruerdentleche Landeskongress getraff. Dëse Kongress hat, wéi et d'Satzung virgesäit, als eenzege Punkt d'Neiwahle vum Präsidium.
No dem offiziellen Deel mat den Tätegkeetsberichter an Neiwahlen hunn déi uwiesend Piraten d'Chance genotzt an beim Membertreffen zesumme mam neie Präsidium iwwer d'Zukunft vun der Piratepartei diskutéiert.
Fotoe vum ausseruerdentleche Landeskongress sinn hei ze fannen.
De Samschden 18. September huet sech Piratepartei Lëtzebuerg zu Ierpeldeng vir hire éischte Landeskongress getraff a Weiche vir d´Wahlen 2014 gestallt. Nieft der Wahl vun engem neie Comité a Ännerungen an de Statute vun der Partei gouf och di international Kooperatioun wieder gestäerkt.
D´Plangen an Duerchfeiere vum Landeskongress huet den Usproch vun der Piratepartei als „Matmaachpartei“ ënnerstrach. Virum Kongress konnt all Member Unträg stellen, iwwer déi dann um Kongress diskutéiert an ofgestëmmt goufen. Well Piratepartei op dat bei anere Parteie üblecht Delegeiertesystem verzicht, konnt all Member um Kongress deelhuelen, matschwätzen a kandidéieren. D´Veranstaltung war net nëmme vir Gäscht oppen, mais gouf och live per Videostreaming um Internet iwwerdroe vir all interesséierter Persoun Méiglechkeet ze ginn um Geschéien deelzehuelen.
Weider Fotoen vum 1. Landeskongress sinn hei ze fannen: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Fotos
De Sonden, 4.Oktober 2009, huet sech Piratepartei Lëtzebuerg an enger entspaanter Atmosphär an der Lëtzebuerger Alstad gegrënnt. Bei der Grënnung waren 23 Leit dobäi.
Nom Virbild vun der schwedescher „Piratpartiet“ steet Piratepartei Lëtzebuerg vir eng fräi an oppe Gesellschaft di allerdéngs d´Privatsphär vum Eenzelnen am Informatiounszaitalter respektéiert. Di aktuell europawäit Tendenzen zum Iwwerwaachungsstaat refuséiere Piraten entscheeden. D´Partei ass géint de gliesene Bierger a fuerdert amplaz een transparente Staatsapparat. Eng Erneierung vum Urheberrecht a Patentwiese goufen och eestëmmeg am Parteiprogramm verankert. D´Pirate setzen sech vir ee fräien Zougang zu Informatiounen a Bildungsmaterialien an.
Och Vertrieder vum Bundesvirstand vun der Piratepartei Däitschland, vum saarlännesche Landesverband wei och de Generalsekretär aus Rheinland-Pfalz hunn sech zu Lëtzebuerg-Stad getraff.
Weider Fotoen vun der Grënnung sinn hei ze fannen: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Fotos
Déi däitsch "Piratenpartei Deutschland" huet ënnert folgendem Link probéiert d'Geschicht vun der Piratepartei no ze zeechnen: http://web.piratenpartei.de/node/241

Dieses Werk bzw. Inhalt (ausser Design) steht unter einer Creative Commons Namensnennung-Nicht-kommerziell 3.0 Luxemburg Lizenz.