Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Mogelpackung OpenData

Zu alleréischt begréisst d'Piratepartei, datt de Budget vum millésime 2015 fir d'éischte Kéier als Excels-Tableau publizéiert gëtt. Domadder gëtt eng Fuerderung vun 2009 vun der Piratepartei endlech erfëllt. „D'Regierung flunkert wann se dëse Budget als Open Data duerstellt“ sou de Ben Allard, Trésorier bei der Piratepartei, „Dës Présentatioun erfëllt héchstens 40% vun engem "Open Data" Projet.“ D'Piratepartei kritiséiert ënnert aanerem datt als eenzegt Format dat vun "Microsoft Excel" gewielt gouf an domadder de Budget ënnert aanere Betriebssystemer méi schwéier opzekréien ass. Des Weidere gëtt et ... Mogelpackung OpenData weiderliesen

Regierung Bettel setzt falsch Akzenter

Datt et bei enger Staatsschold vun iwwer 11 Milliarden zu engem Emdenken bei der Budgetspolitik komme muss, bestreit keen, och net d’Piratepartei. Trotzdem stelle sech bei de virgestallte Mesuren vill Froen iwwert d’Art a Weis vun de Mesuren an och iwwert d’Akzenter déi dës Regierung setze well.
“No der Ried vum Premier huet een d’Gefill, als ob d’Regierung sech ganz besonnesch déi jonk an d’kleng- a mëttelstännesch Entreprisen erausgesicht hätt, fir bei dësen ze spueren.” sou de Sven Clement, President vun der Piratepartei, “All déi virgestallte Mesuren hu gemeng, datt se op enger Staatsphilosophie baséieren, déi mat enger Fräiheet vum Choix wéineg ze dinn huet. Et ass eng paternalistesch Politik déi de Lëtzebuerger virschreiwe wëll, wéi se ze liewen hunn.”
D’Pirate kritiséieren, datt d’Regierung hei Akzenter setzt, déi d’Mënschen an hiere fräien Entscheedungen aschränke wäert. Engersäits gëtt zwar betount, datt d’Entscheedung vun enger Mamm oder engem Papp fir doheem ze bleiwen, respektéiert misst ginn, gläichzäiteg gëtt awer dës Fräiheet duerch d’Kierze vun den Allocatiounen effektiv verhënnert. D’Regierung mécht hei eng Politik, wou sech an Zukunft just nach räich Leit d’perséinlech Erzéiung vun hiere Kanner leeschte kënnen, jiddfer aanere muss d’Kanner an Zukunft wuel ab dem 1. Gebuertsdag an eng ëffentlech Schoul ginn. Dozou passt dann och datt beim Kannergeld d’Spuerpolitik vun de läschte Jore konsequent weider gefouert gëtt. Während d’Liewen ëmmer mei deier gëtt ass d’Kannergeld zanter 2006 nët méi indexéiert wat engem reale Réckgang vun 19% entsprécht. An elo gëtt och dëst fir Familljen mat méi wéi 2 Kanner nach eemol gekierzt.
Gläichzäiteg solle Kontrollen géint den Abus bei Steieren a Sozialtransferen erhéijt ginn. Hei bleift d’Regierung schëlleg, op dëst der Realwirtschaft méi Geld bréngt oder op hei nëmme Geld ausgi gëtt. Dëst ass och eng Mesure, déi d’perséinlech Fräiheet vun all Employé weider aschränke wäert a kloer weist, datt dës Regierung léiwer un engem Iwwerwaachungsstaat bastelt, wéi sech fir d’Grondrechter vun de Menschen anzesetzen. Gläiches gëllt fir d’Aféiere vun engem digitale Patientendossier, wou dach d’Regierung wësse misst, datt se net grad déi beschten Erfahrung am Schütze vu sou Daten huet.
Datt d’Regierung bei Sozialtransferen an Zukunft méi op Saachleeschtungen wéi op Geldtransfere setze wëll, ass e weidert Zeechen, datt se hieren eegene Bierger nët zoutraut, verantwortungsbewosst ze liewen. D’Pirate fuerderen, datt een amplaz de Bierger hiert Liewe virzeschreiwen, een hinnen d’Fräiheet léisst, sech fräi z’entfalen. De Sven Clement dozou: “Ech wor an enger ëffentlecher Schoul, déi sech de Slogan ‘Donner aux jeunes qui nous sont confiés, à la fois des racines et des ailes’ ginn hat. Dës Regierung schéngt hiere Bierger zwar Racine wëllen z’oktroyéieren, awer keng Fliléke ze ginn.”
Och beim Logement setzt sech dës Bevormundungspolitik fort. D’Regierung Bettel wëll Persoune mat Revenu modeste konsequent vum Kaf vun hierem Eegenheem ausschléissen, andeems soziale Wunnéngsbau sech op de Locatif fokusséiere soll. Dobäi ass kloer, datt et eng Korelatioun tëscht dem Kaaf vun Wunneegentum an dem sozialen Opstieg gëtt. D’Regierung hätt hei besser op d’Forme vum “Mietkauf” ze setzen an esou e luesen awer séchere sozialen Opstieg z’erméiglechen.
Ofschléissend géife sech d’Pirate wënschen, datt d’Regierung endlech méi transparent géif kommunizéieren, amplaz ëmmer erëm op e méi spéiden Datum ze vertréischten. “Entweder se kennen hir Dossieren a wëllen se och ëmsetzen, da sollen se se och transparent kommunizéieren, oder awer se si falsch op der Plaz an der Regierung!” sou de Sven Clement.
D’Piraten arënneren an deem Kontext och nach emol un hir zanter 5 Joer onverännert Fuerderung, fir de Budget endlech esou ze publizéieren, datt jiddereen e selwer analyséieren a vergläiche kann. “Dëst géif richteg Transparenz bedeiten! Well dat wat d’Regierung Bettel mam neie Budgetsformat mécht, ass genee de Contraire. Duerch eng Reorganisatioun mécht se de Verglach mat dem leschte Budget onnéideg schwéier a verhënnert esou wierklech Transparenz!” seet de Sven Clement ofschléissend.

D’Pirate fuerderen en Eenheetleche Walbezierk

En Dënschdeg ass eng Debatt an der Chamber iwwert eng Proposition de loi, déi sech mat der Zuel vun den Deputéierten an de verschiddene Walbezierker befaasst. D’Piratepartei erënnert an dësem Kontext op hir Fuerderung no engem Zesummeleeë vun dëse 4 Bezierker a wënscht sech datt zukünfteg Diskussiounen iwwer de Walsystem mat alle Parteien, och mat deenen déi net am Parlament vertruede sinn, gefouert ginn. weiderliesen


Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!