Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Qualitéit statt Quantitéit

D'Piratepartei ass erstaunt iwwert dem Educatiounsminister seng Pläng d'Dauer vun de Stonnen am Enseignement Fondamental eropzesetzen. „Wou op Universitéite versicht gëtt d'Stonnen op 45 Minutten ze limitéieren, fir méi der Opmierksamkeetsspan vu jonken Erwuessenen ze entspriechen, geet den Här Meisch hin a well se fir Kanner op 55 Minutten erhéijen“, seet de Carlo Di Giambattista, educatiounspolitesche Spriecher vun der Piratepartei, „Zousätzlech soll dann nach de facto Méindes a Mëttwochs d'Schoul nach ëm eng Stonn verlängert ginn, woubäi et grad nomëttes ... Qualitéit statt Quantitéit weiderliesen

Viviane Reding – Vun der Kommissärin zur Hobby-Parlamentarierin a Beruffslobbyistin

D’Piratepartei weist sech erstaunt iwwert der Madame Reding hire schnelle Wandel vun der engagéierter Justiz-Kommissärin a Vize-Presidentin vun der EU-Kommissioun Barroso hin zur Deelzäit Parlamentarierin a Vollzäit Lobbyistin.

„De schnelle Wiessel vun der Madame Reding a féirend Positioune bei Bertelsmann a Nyrstar weise firwat et méi streng Karenzregelungen an der Politik brauch. Genee esou Geste sinn et déi d’Vertraue vun de Bierger an d’Politik op den Déifpunkt drécken.“ sou de Sven Clement, President vun der Piratepartei.

Wor d’Madame Reding als Kommissärin nach als ganz engagéiert bekannt, sou trëfft dat am Parlament net méi zou. Zanter Juli huet se 1 vun 3 Voten am Europaparlament geschwänzt. Wahrscheinlech well se hir Energie fir Bertelsmann an Nyrstar gebraucht huet. Domadder ass se, wat d’Présencen ugeet di 665. vu 751.

„Et muss een sech d’Fro stellen op d’Madame Reding hei hir Carrière no der Politik op Käschte vun hire Wielerinnen a Wieler preparéiert.“ seet de Sven Clement weider.

D’Piratepartei fuerdert datt an Zukunft méi streng Karenzregelunge getraff ginn an datt virun allem fir Membere vum Europaparlament méi streng Regele geholl gi wat Incompatibilitéiten ugeet. Esou soll d’Madame Reding am Handelsausschoss iwwert Themen decidéieren déi direkt an indirekt hir nei Patrone betreffen.

„D’Madame Reding soll sech entscheede wourunner hiert Häerz méi hänkt, un der Politik oder un der Privatwirtschaft an dann dee Choix konsequent liewen. Esou een Amalgam wéi si en elo praktizéiert, zerstéiert och de läschte Fonke Vertrauen deen d’Bierger nach an d’Politik hunn.“ sou de Sven Clement ofschléissend.


No der däitscher Mövenpick-Partei elo d’Van-Landewyck-Partei?

D’Piratepartei weist sech ferm erstaunt iwwert dem Finanzminister seng Iddi fir elo alleng der Tubaksindustrie en Accise-Cadeau ze maachen. „Mir woren ëmmer géint eng TVA-Erhéijung a kruten ëmmer gesot datt se keng negativ Effekter hätt.“ sou de Ben Allard, Trésorier vun der Piratepartei, „Elo weist sech datt mir Recht haten an dat och nach andeems eng eenzeg Industrie e Cadeau gemaach kritt.“

 

Egal wéi vill sech d’DP vun hirer Schwësterpartei an Däitschland distanzéiere wëllt, mierkt een awer datt déi zwou Parteien déi selwecht DNA hunn. Knapps um Rudder gi Cadeauen fir spezifesch Betrieber gemaach. An Däitschland huet deemols d’FDP den Hotelieren d’Steiere gesenkt, hei zu Lëtzebuerg mécht d’DP alles fir datt d’Tubaksindustrie net ënnert der TVA-Hausse leide soll. „Nodeems Däitschland well seng Mövenpick-Partei hat, huet Lëtzebuerg elo seng Van-Landewyck-Partei“ sou de Ben Allard weider.

 

D’Piratepartei fuerdert d’Regierung op endlech eng kohärent Politik ze bedreiwen. Net eenzel Branchen vu Mesuren auszeklammeren well et enger vun de Regierungsparteie grad an de Krom passt, mä Mesuren esou ze gestalten datt se am Interêt vum Land an net vun eenzele Lobbyiste stinn.


Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!