• Lëtzebuergesch Deutsch Francais English
  • Subnavigation

    • Jan

      11.
      2012
    • Statement vum Sven Clement zu enger iwwerstierzter ëffentlecher Fahndung vun der Police

      jerry

      Nodeems d'Police huet missen agestoen eng Fahndung no engem Onschëllegen verëffentlecht ze hunn [1], äussert sech de President vun der Piratepartei Sven Clement folgendermoossen:

      "Wéi den heitege Virfall erëm eng Kéier gewisen huet, kann duerch d'virschnell verëffentlechen vu Fahndungen no bestëmmte Persounen duerch d'Police d'Onscholdsvermutung vun de Betraffenen enorm beschiedegt ginn. Ausserdeem ginn duerch sou iwwerstierzt Handlungen vun der Police oftmools auslännerfeindlech Parolen op sozialen Medien provozéiert, wat mir net guttheeschen kënnen! D'Pirate fuerderen dowéinst d'Police op Konsequenzen aus dësem Fall ze zéien an an Zukunft manner Fahndungen ze verëffentlechen!"

      [1] http://news.rtl.lu/news/national/182001.html

    Submitted by jerry on Wed, 01/11/2012 - 20:43

    Creative Commons Lizenzvertrag
    Dieses Werk bzw. Inhalt (ausser Design) steht unter einer Creative Commons Namensnennung-Nicht-kommerziell 3.0 Luxemburg Lizenz.