Haut huet d'Police en Video verëffentlecht, deen en Iwwerfall ob der Zuchstreck Stad Lëtzebuerg - Rodange vum 14. Dezember 2011 weist. D'Verëffentlechung beleet esouwuel d'Sënnlosegkeet vu Kameraen als Precautiounsmoossnam wéi och d'Schwieregkeet mat virhandenem Videomaterial Verbriecher ze identifizéieren. D'Piraten erhoffen sech eng besser Preventiounspolitik fir dass d'Mëttel vun esou enger ëffentlecher Fahndung net zum Alldag gëtt.
Besonnesch bei Gewaltverbriechen dengen d'Videokameraen net als Ofschreckungsmoossnam, dat gëllt och fir Iwwergrëff am ëffentleche Persouneverkéier ewéi Bus an Zuch. "All Sécherheetspolitik muss d'Präventioun vu Strofdoten als éischt Ziel hunn.", sou de Sven Clement, President vun der Piratepartei. Sécherheetspersonal an d'Police musse méi Präsenz um Terrain weise fir gegebenenfalls Iwwergrëff verhënneren ze kennen. D'Mëssverständnes, dass hannert de Monitore Mënsche sëtzen déi bei Iwwergrëff agräife kënnen ass nach ëmmer wäit verbreet. "Kamerae vermëttelen en falscht Gefill vu Sécherheet. Wat mir awer brauchen ass Zivilcourage amplaz Iwwerwaachung!, sou de Sven Clement weider.
D'Verëffentlechung vum Video weist weiderhin, dass d'Videoiwwerwaachung och beim Iwwerféiere vum Täter oftmols net duergeet. Bleift och de Virdeel vun enger einfacher Identifizéierung aus ass d'Iwwerwaachung an ëffentlechen Transportmëttel net méi ze rechtfertegen.
"Wann et verwäertbart Videomaterial vun engem Iwwergrëff gëtt refuséiere mir op kee Fall kategoresch d'Benotzung vir d'Ermëttelung vun den Täter ", erklärt de Sven Clement. Allerdéngs mussen d'Verantwortlech vum CFL an dem Transportministère oppen diskutéieren ob eng Videoiwwerwaachung dat gëeegent Mëttel ass fir Strofdoten ze verhënneren.
Ëffentlech Fahndungen, mat Videoen oder Fotoen, iwwer sozial Netzwierker an d'Press mussen d'Ausnahm bleiwen. "Esou Opname stellen en grousst Risiko fir d'Onscholdsvermuddung an d'Privatsphär vun de Bedeelegten, Affer an Täter, souwéi vun onbedeelegten Drëtten, ewéi Famill an Affer, duer", sou de Sven Clement ofschléissend. "Mir refuséieren dës Manéier vun Ermëttlungen net kategoresch, warnen awer virun de Konsequenze vun enger regelméisseger Verëffentlechung vun esou Iwwerwaachungsvideoen."

Dieses Werk bzw. Inhalt (ausser Design) steht unter einer Creative Commons Namensnennung-Nicht-kommerziell 3.0 Luxemburg Lizenz.