Nodeems den Anti-Counterfeiting Trade Agreement, kuerz ACTA, vum EU-Rot ugeholl gouf ass d'EU-Parlament dat eenzegt Organ wat dëse mënscherechtsfeindlechen Traité nach verhënnere kann.
Mir hunn dowéinst eng Standartmail zesummegeschriwwen, deen een un di lëtzebuergesch an aner EU-Parlamentarier schécke kann:
Moien Här/Madame,
Geschwënn soll d'Europäescht Parlament iwwer dat sougenannten Anti-Counterfeiting Trade Agreement, kuerz ACTA, ofstëmmen. Dëst multilateraalt Ofkommes, wat international Standarde fir d'Duerchsetze vun Urheber-, Patent- a Markerechter festleeë soll, ass souwuel wéinst sengem Enstehungsprozess wéi och duerch den Inhalt ëmstridden.
Sou gouf dëst Ofkommes vun net demokratesch gewielte Representanten hanner zouenen Diere mat ënner anerem Vertrieder vun der Film- a Musekindustrie verhandelt.
ACTA biergt Gefore fir d'Meenungsfräiheet, den Dateschutz, den Zougank zu Kultur an Hindernisser fir Innovatioun:
Weider Grënn wisou Dir ACTA refuséiere sollt, fannt der an dësem Video (http://www.youtu.be/citzRjwk-sQ ), an dëser Broschür vun der 'Digitalen Gesellschaft' (http://digitalegesellschaft.de/2011/10/warum-ist-acta-so-umstritten-und-... ) an an dëser Analys vu 'La Quadrature du Net' (http://www.laquadrature.net/en/acta-updated-analysis-of-the-final-version ).
Ech bieden Iech dowéinst dëst Ofkommes ze refuséieren an Iech an Ärer Fraktioun fir sou ee Vote staark ze maachen.
Mat de beschte Gréiss,
[Mäin Numm]
D'E-Mailsadressen vun de lëtzebuergeschen Europadeputéierten sinn:
Georges Bach (CSV): georges.bach@europarl.europa.eu
Frank Engel (CSV): frank.engel@europarl.europa.eu
Robert Goebbels (LSAP): robert.goebbels@europarl.europa.eu
Charles Goerens (DP): charles.goerens@europarl.europa.eu
Astrid Lulling (CSV): astrid.lulling@europarl.europa.eu
Fir eis ze erlaben dës Aktioun auszewäerten, besicht w.e.g. eis Pad an drot an vu wiem der eng äntwert krut: http://lux.piratepad.eu/ACTA-answers
Folgen Europadeputéiert hu schonns geäntwert, dass se wäerten géint ACTA stëmmen, a brauchen dowéinst net méi ugeschriwwen ze ginn:
Claude Turmes (Déi Gréng): claude.turmes@europarl.europa.eu
Un Iwwersetzungen vun dëser Standardmail gëtt hei geschafft: http://klotiii.piratepad.eu/4

Dieses Werk bzw. Inhalt (ausser Design) steht unter einer Creative Commons Namensnennung-Nicht-kommerziell 3.0 Luxemburg Lizenz.