• Lëtzebuergesch Deutsch Francais English
  • Subnavigation

    • Aug

      23.
      2011
    • Frësche Wand an d'Politik! - Programmempfehlunge fir d'Gemengewahlen

      jerry

      An hire Programmempfehlunge fir d'Gemengewahlen den 9. Oktober 2011 stellt d'Piratepartei 32 Fuerderunge vir, déi zur Ëmsetzung vun enger méi moderner, transparenter, biergernoer a barrierefräier Politik op Gemengenniveau néideg sinn [1].

      Obwuel d'Piratepartei keng Kandidate bei de Wahle presentéiere wäert, liwweren dës Programmempfehlungen nei Iddie fir déi untriedend Parteien an Impulser fir Diskussiounen am Wahlkampf.

      Programmempfehlungen zur Gemengewahl 2011 - Frësche Wand an d'(Gemenge)politik!

      D'Fuerderungen ëmfaassen all d'Beräicher vum Parteiprogramm mat Virschléi zu méi Biergerbedeelegung, enger méi transparenter Gemengepolitik, Präventioun, Privatsphär an Dateschutz, Mobilitéit a Barrierefräiheet, fräier Kultur an enger méi moderner Gemengen-Infrastruktur. All d'Virschléi goufe vun de Membere vun der Piratepartei zesummen ausgeschafft mam Ziel nei a frësch Iddien an de Wahlkampf ze werfen.

      "Bei de Piraten ass net nëmmen de Contenu anescht, mais och d'Aart a Weis wéi se entstinn!", seet de Sven Clement, President vun der Piratepartei Lëtzebuerg. "D'Iddie fir d'Programmempfehlunge kommen direkt vun de Memberen an goufen an enger extra fir d'kollaborativt Schaffen opgesetzter Software [2] zesummen ausgeschafft."

      D'Programmempfehlunge ginn allen bei de Gemengewahlen untriedend Parteien zougeschéckt. Dës ginn explizit agelueden sech d'Virschléi zu eegen ze maachen an ëmzesetzen.

      "All Partei dierf a soll eis Iddien ëmsetzen. Gutt Iddie sinn do fir kopéiert ze ginn!", sou de Sven Clement weider. "Eis Empfehlunge fir eng modern Gemengepolitik sinn nëmmen ee Virgeschmaach op d'Virschléi vun der Piratepartei zu de Wahlen 2014. Si droen zu engem bessere Mateneen an de Gemenge bäi a schafen eng Politik zum Upaken. Eis Virschléi zu enger méi moderner, transparenter, biergernoer a barrierefräier Politik brénge frësche Wand an d'(Gemenge-)Politik!"

      1. http://wiki.piratepartei.lu/images/b/b8/Gw11.pdf
      2. http://piratenpad.de/, bzw. http://piratepad.eu/
    Submitted by jerry on Tue, 08/23/2011 - 10:31

    Creative Commons Lizenzvertrag
    Dieses Werk bzw. Inhalt (ausser Design) steht unter einer Creative Commons Namensnennung-Nicht-kommerziell 3.0 Luxemburg Lizenz.