Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

D’Piraten starten mat der Ofstëmmung vun hirem Walprogramm an de Walkampf

Um 19. Abrëll ass d'Piratepartei am Festsall vum Centre de Secours vu Schengen fir hiren zweeten Europawalkongress zesummekomm. Op der Dagesuerdnung stoung d'Ofstëmmung vum Walprogramm, deen an deenen 2 Méint virdrun op 4 Réuniounen, de sougenannten Ideastorms, virbereet goufen. Dës goufe vun de jeeweilege Bezierker organiséiert an all Member an Interesséierte konnt hei seng Iddie bäisteieren. De Walprogramm setzt sech aus zwee Deeler zesummen: den éischten Deel besteet aus dem gemeinsamen europäesche Walprogramm, dee sämtlech europäesch Pirateparteien zesummen ausgeschafft hunn ... D’Piraten starten mat der Ofstëmmung vun hirem Walprogramm an de Walkampf weiderliesen

Invitatioun op den Europawalkongress #LK142

Während deene leschte Wochen hu mer a 4 Versammlungen, den Ideastorms, uechtert d’Land Iddie gesammelt, déi mer elo zu engem Programm zesummegesat hunn. Nodeems mer den 19. Januar eis Kandidate fir d’Europawalen designéiert hunn, ass et elo un der Zäit, de Walprogramm ze beschléissen.

Den 19. Abrëll luede mir dech dofir häerzlech op eisen Europawalkongress, dem #LK142, an. Dëse wäert zu Schengen, engem Schlësseluert vun eisem modernen Europa, stattfannen. weiderliesen


Nom EuGH-Uerteel: Vorratsdatespäicherung ofschafen!

Haut de Moien huet den Europäesche Geriichtshaff festgehalen, datt d’Vorratsdatespäicherung géint d’Recht op Privatsphär an op Dateschutz, wéi et an der EU-Grondrechtecharta festgehale ass, verstéisst. D’Piratepartei fuerdert dowéinst d’Regierung op, d’Vorratsdatespäicherung zu Lëtzebuerg sou séier wéi nëmme méiglech nees ofzeschafen! weiderliesen


Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!