Ahoi!
Mat bësse Verspeidung kënne mer iech de Newsletter vum Mount Abrëll presentéieren!
Neie Website
Nodeems eisen ale Website fir e ganze Weekend guer net ze erreeche war (sorry dofir!) hu mer als Ersatz séier eng nei Websäit opgesat! Hues du se scho gesinn? Wann net, da fix op piratepartei.lu klicken!
Den neie Website ass vill méi iwwersiichtlech ewéi di al. Sou liest sech de Programm z.B. besser. Eng weider Neierung ass, dass een elo eis Texter ka kommentéieren. weiderliesen
Nom Bezierk Norden ass lo och de Süden um Wee fir seng Strukturen ze schafen. Duerch Grënnung vum Bezierk Süde wäert d’Piratepartei Lëtzebuerg hir Aarbecht en vue vun de Wahlen 2014 weider verbesseren.
D’Grënnung fënnt den 26. Mee am Café Le Pirate zu Esch/Uelzecht, 106 Route de Mondercange, L-4247 ab hallwer 3 statt. Jiddereen deen intresséiert ass, ass häerzlech wëllkomm. Och Net-Memberen däerfe gäre laanscht kommen a matdiskutéieren!
Op der Grënnungsversammlung gëtt de Bezierkscomité gewielt wouduerch de Bezierk Süden no bausse ka representéiert an och d’Aarbecht besser koordinéiert ginn. Donieft gëtt iwwer di generell Strategie vum Bezierk diskutéiert.




