• Lëtzebuergesch Deutsch Francais English
  • Subnavigation

    Aarbechtsgruppen

    Aarbechtsgruppen (AGs) beschäftegen sech mat engem speziellen Thema ronderëm d'Piratepartei. Wanns Du wëlls matmaachen an d'Piratepartei inhaltlech weider bréngen, dann schaff mat an enger AG!

    Fir bei enger AG mat ze schaffen kuck op der AG Websäit no, kontaktéier den AG Responsabelen oder schreif dech an op der AG Mailinglëscht.

    Bei weidere Froen steet den Jerry Weyer zur Verfügung ënnert jerry.weyer@piratepartei.lu.

    Aarbechtsgrupp grënnen


    Du wëlls eng AG grënnen? Dann mëll dech bei ons ënnert ahoi@piratepartei.lu a mir stellen eng Mailinglëscht zur Verfügung an sëtzen Deng AG op dës Lëscht!

    Aktuell Aarbechtsgruppen


    AG Thema Responsabel Mailinglëscht
    AG "Intellectual Property" Dës AG beschäftegt sech mat Programmfirschléi fir eng Reform vum Copyright/Urheberrecht/Droit d'auteur Jerry Weyer AG "IP"
    AG INDECT Dës AG beschäftegt sech mat dem EU Fuerschungsprojet INDECT Sven Cannivy AG INDECT
    AG Demokratie Dës AG beschäftegt sech mat der Demokratie zu Lëtzebuerg an Europa Claude Feltgen AG Demokratie
    AG Iwwerwaachung Dës AG beschäftegt sech mat Iwwerwaachung allgemeng an besonnech zu Lëtzebuerg. Et gëtt eng enk Kooperatioun mat der AG INDECT gefouert. Sven Cannivy AG INDECT
    AG Emwelt- an Naturschutz Jerry Polfer AG Emwelt
    AG Energie & Infrastruktur Pierrot Bis AG Energie
    AG Liquid Democracy Dës Aarbechtsgrupp beschäftegt sech mam Thema "Liquid Democracy" a wéi se an der Piratepartei bzw. a Lëtzebuerg ëmgesat kéint ginn. Jerry Weyer AG Liquid Democracy
    AG Edukatioun Dës AG beschäftegt sech mat der Educatiounspolitik zu Lëtzebuerg. Andy Maar AG Edukatioun

    Hëllefräich Tips&Tricks fir engem d'Aarbecht méi einfach ze maachen sinn hei ze fannen: Tips&Tricks (Wiki)

    E Guide wéi een effizient an Piratepads schafft ass hei ze fannen:

    Creative Commons Lizenzvertrag
    Dieses Werk bzw. Inhalt (ausser Design) steht unter einer Creative Commons Namensnennung-Nicht-kommerziell 3.0 Luxemburg Lizenz.