Matschwätzen
Newsletter, Twitter, Facebook, Mailinglëscht a Forum
Du wëlls regelméisseg iwwert d'Piratepartei um Lafenden gehal ginn a keng Aktioun oder Stammdësch verpassen? Dann mell dech un bei onsem Newsletter, follow ons op Twitter, gëff Fan op Facebook oder diskutéier op onse Mailinglëschten a Forum!
Stammdësch
Du wëlls Piraten treffen, mat hinnen diskutéieren, dat ganzt an enger lockerer Atmosphär? Dann komm
all 2ten Sonnden am Mount um
19h00 am Scott's Pub laanscht!
Perséinleche Kontakt
Keng Zäit fir op e Stammdësch ze kommen? E-Mail, Twitter, Mailinglëschten a Facebook sinn Der ze komplizéiert?
Ruff ons un, mir beäntwerte gären all Froen! Telefonsnummeren sinn op onser
Kontaktsäit ze fannen.
Matschaffen
To-Do Lëscht
Du wëlls aktiv mathëllefen? Op der
ToDo Lëscht fënns de bestëmmt eng Aufgab fir dech!
Aarbechtsgruppen
Du interesséiers dech fir e speziellt Thema a wëlls d'Piratepartei an deem Beräich ënnerstëtzen? Dann maach mat an enger vun onsen
Aarbechtsgruppen.
Matentscheeden
Satzungs- a Programmännerung
Du wëlls d'Satzung oder den Parteiprogramm vun der Piratepartei vervollstännegen? Op onsem Wiki kanns de däin
Satzungs- oder
Programmännerungsvirschlag schreiwen oder anerer ënnerstëtzen.
Member ginn
Nëmme Membere kënnen um Landeskongress ofstëmmen an domadder déi preparéiert Virschléi unhuelen. Och kënnen sech nëmme Membere bei der Präsidiumswahl presentéieren. Wanns Du also aktiv mat entscheede wëlls, wéi d'Politik vun der Piratepartei ausgesi soll, da
gëff Member!