Dëse Samschden hunn 20 Membere vun der Piratepartei Lëtzebuerg zu Waarken de Bezierk "Norden" gegrënnt. Zum Bezierkspresident gouf de Claude Feltgen gewielt.
"Di éischt Hürd fir lokal Strukturen ze schafen ass iwwerwonnen.", seet de Claude Feltgen, President vum Bezierk Norde vun der Piratepartei. "Elo heescht et méi no un d'Bierger erunzetrieden an d'Positiounen an Iddie vun de Pirate sur place anzebréngen!"
Nieft dem Claude Feltgen gouf de Jerry Polfer zum Trésorier an den Olivier Huberty, de Laurent Mander, de Bernard Frédéric an de Marc Didier an de Comité gewielt.