Am Interview mam RTL Radio erklärt de Wirtschaftsminister Schneider, dass zu Lëtzebuerg ‘schwaarz downloaden’ och mat ACTA weiderhi legal bleiwe wäert. Dobäi sinn net autoriséiert Downloads vun urheberrechtlech geschützte Wierker zu Lëtzebuerg längst verbueden.