Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Transparenz vum Staatswiesen

Transparenz | CC BY-NC-SA Thomas Roessler (Flickr)

Verengt sech den Zougang zu Wëssen op ee klenge Krees vun Notznéisser, sou kennt et onweigerlech zu enger Bildung vu Muechtstrukturen, déi wéineg Persounen, gesellschaftlech Organisatiounen oder staatlech Organer bevirdeelegt an esou dem demokratesche Prozess vun enger fräier Gesellschaft geféierlech gëtt. Dëst baséiert nämlech op enger méiglechst breeder Bedeelegung vun de Bierger an der Gestaltung a Kontroll vu gesellschaftlechen Developpementer an ass domadder onvereinbar mam Informatiounsvirsprong, dee Puer op Käschte vun der Allgemengheet versichen ze sécheren. Den Abléck an Aarbescht vu Verwaltung a Politik op alle Niveaue vun der staatlecher Uerdnung ass dowéinst ee fundamentaalt Biergerrecht a muss zum Wuel vun der fräier Uerdnung entspriechend garantéiert, geschützt an duerchgesat ginn.

Di aktuell Lag zu Lëtzebuerg gëtt duerch eng Villzuel vun ënnerschiddleche Regelungen op de verschiddenen Niveauen a bei de villfältege Beräicher staatlechen Handele bestëmmt. Zemools mam Hibléck op d’Méiglechkeete vun de Neie Medien ass et ze bedaueren, dass nëmme bësse vum „Prinzip vun der Geheimhaltung“ zugonschte vum „Prinzip vun der Ëffentlechkeet“ verännert ginn. Verwaltung a Politik mussen endlech och an der Hisiicht vun hirer Transparenz géigeniwwer vun de Bierger hiren Déngschtleeschtungscharakter unerkennen an sech grondleeënd dorobber ausriichten, een Informatiounszougank fir de Bierger effizient, komfortabel a mat niddrege Käschten ze erméiglechen.

Besonnesch vir eng Bewäertung vu politeschen Entscheedungsträger ass et dringend noutwenneg, dass d’Grondlage vu politeschen Entscheedungen transparent gemat ginn.

D’Piratepartei Lëtzebuerg well an dësem Sënn d’Transparenz vun allen staatleche Prozesser erwierken a fuerdert dowéinst:

All Bierger huet onofhängeg vum Betreff an ouni Zwang op Begrënnung d’Recht op allen Niveaue vun der staatlecher Uerdnung, Asiicht op Dossieren an op di de jeeweilege Plazen zur Verfügung stoend Informatiounen ze huelen. Dëst gëllt genau sou vir schrëftlecht Dossiere wéi digital oder aner Medien.

Seng Grenze fënnt dëst Recht an de Bestëmmungen zum Schotz vun de Perséinlechkeetsrechter, der nationaler Sécherheet, zum Verhënnere vu Strofdoten a ähnlechem. Dës Ausnameregelunge sinn méiglechst enk an eendeiteg ze formuléieren an dierfen net pauschal ganz Administratiounen oder Verwaltungsgebidder ausgrenzen.

D’Auskonftsplaz ass verpflicht ouni groussen Délai a mat enger kloerer Käschtereegelung, Zougang a Form vun engem Dossier oder enger Kopie ze gewäerden, vir eng breet, efficace Notzung vun de Daten ze erméiglechen.

D’Verweigerung vum Zougank muss schrëftlech begrënnt ginn, a ka vum Demandeur, wéi och vu betraffenen Drëtte geriichtlech iwwerpréift gi loossen, woubäi dem Geriicht zu dësem Zweck vollen Zougang duerch di ëffentlech Plaz garantéiert gi muss.

All ëffentlech Plaze sinn verpflicht, souwuel regelméisseg Organisatiouns- an Tätegkeetsberichter ze verëffentlechen, Resuméë vun den Aarte vun Ënnerlage mat abegraff, op di zougegraff ka ginn, wéi och ee jäerlechen ëffentleche Bericht iwwert Handhabung vum Auskonftsrecht.

Enner besonnescher Berécksichtegung vun den immense Méiglechkeeten, di sech mat der rasanter Entwécklung a Verbreedung duerch Nei Medien erginn, ginn et verschidden Usazpunkte vir dëse grondsätzleche Fuerderunge Rechnung ze droen. Sou solle staatlech Plazen Notzung vu fräier Software forcéieren, eng automatesch Verëffentlechung vun Dokumenter anzeriichten an allgemeng de bëllegsten an opwandsarmsten digitalen Zougrëff ausbauen.

D’Ofkéiere vum „Prinzip vun der Geheimhaltung“, der Verwaltungs- a Politikvirstellung vun engem iwwerkommene Staatsbegrëff, a Betounung op de „Prinzip vun der Ëffentlechkeet“, dat ee mëndege Bierger an de Mëttelpunkt vu staatlechem Handelen a Gestalte stellt, péckt no der fester Iwwerzeegung vun der Piratepartei di absolut noutwenneg Viraussetzunge vir eng modern Wëssensgesellschaft an enger fräier an demokratescher Uerdnung.