D’Piratepartei Lëtzebuerg gouf de 4.Oktober 2009 zu Lëtzebuerg vu 14 Interesséierte gegrënnt an ass bis Haut op iwwer 200 Membere gewuess.
D’Piratepartei lieft Basis-Demokratie; schonns virun der Grënnung konnt jidderee matschaffen an och haut kann all Member Ännerunge fir Programm a Statuten abréngen. Och net-Membere kënnen aktiv Inhalter erstellen, änneren, matdiskutéieren a kritiséieren.
D’Pirate sinn eng Beweegung mat internationalem Hannergrond. Mir schaffe mat all eise Schwësterparteien zesumme fir net nëmmen op lokalem an nationalem Plang eppes ze areechen, mä europa- a weltwäit eppes ze änneren. Ons vereenegt een neit Versteesdemech vun der Roll vum Bierger a sengen Fräiheeten a Grondrechter am 21. Jorhonnert. Mir verstinn eis als déi éischt sozial-liberal Grondrechtspartei.
| Numm: | Piratepartei Lëtzebuerg |
|---|---|
| Piratenpartei Luxemburg | |
| Parti Pirate du Luxembourg | |
| Gegrënnt: | Oktober 2009 |
| Memberen: | 266 (Stand 18.06.2012) |
| Ofkierzung: | Piraten |
| Faarw: | Mauve | #993399 | 153/51/153 |
| Kontakt: | ahoi@piratepartei.lu |
| (+352) 621 632 118 |