Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Jonk Piraten

Jonk Piraten

D’Jonk Piraten setzen sech fir eng fräi an demokratesch Gesellschaft an e kritesche Geescht vun der Jugend an.

Präsidentin: Christophe Quintus
Vize-Präsident: France Oly
Trésorier: Cédric Heinen
Secrétaire: Roy Baumann
Weider Comitésmemberen: Kiara Roth, Timon Schleier, Claude Feltgen, Ben Allard

D’Jonk Piraten ass déi politesch Jugendorganistioun vun der Piratepartei Lëtzebuerg.

Se gouf den 11. Dezember 2011 zu Waarken vun dräi Membere vun der Piratepartei gegrënnt a geet der Grondiddi no, déi vun der Schwedescher Piratepartei entwéckelt gouf.

Se setzt sech zanter hirer Grënnung am Dezember 2011 fir Jugendproblemer an, e verbesserten Dateschutz a méi Privatsphäre fir Privatpersounen. Se fuerdert méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer eraus ass se géint all Form vun Zensur. De Prinzip ass d’Basisdemokratie, déi et all Member erlaabt aktiv d’Zukunft vun der Jugendorganisatioun mat ze bestëmmen. D’Jonk Pirate sinn, wéi déi meescht Organisatiounen zu Lëtzebuerg, pro-europäesch. Se si Member bei der CGJL a bei de Young Pirates of Europe, der Daachorganisatioun vun der internationaler Jugendpiratebewegung, ausserdeem si bei internationale Konferenzen an Aktiounen derbäi.

D’Jonk Piraten hunn sech zu Lëtzbuerg mëttlerweil ënner de politesche Jugendorganistiounen etabléiert an hu mat verschiddenen Aktiounen op sech opmierksam gemaach, sou ware se z.B Member am Aktiounscomité Ak6670 an och am Cannabisbündnis dee sech fir d’Legaliséierung vum Cannabis staark mécht.

De Presidium vun de Jonke Pirate besteet aus 8 Memberen, déi all Joer um Kongress gewielt ginn.

Websäit: www.jonkpiraten.lu
Facebook: https://www.facebook.com/JonkPiraten/
Twitter: https://twitter.com/jonkpiraten