De Präsidium sicht fir verschidde regelméisseg Aufgaben Hëllef. Wanns Du wëlls matschaffen an bass un enger Aufgab interesséiert, da kuck Dir di oppen Aufgaben un oder hëllef den aktuellen Beoptragten.
Aktuell ginn Persounen fir folgend Aufgabe gesicht:
| Beoptragung | Beschreiwung |
|---|---|
| Pressespiggel | D’Beoptragte fir de Pressespiggel misst engersäits Zeitungen, Radio, Fernseh no Mentioune vun der Piratepartei duerchsichen an anerersäits dës Artikelen an de Wiki androe bzw. verlinken. Zu engem spéideren Zäitpunkt kéint sech dës Aufgab ob d’Sichen no Artikelen zu onsen Themen ausweiden. |
| Newsletter | Et geet hei ëm di inhaltlech Aufgaben, d.h. all Mount en Newsletter mat Neiegkeete ronderëm d’Partei, Piraten allgemeng, interessant Artikelen, Links etc ze verfaassen. Däitsch, Lëtzebuergesch, oder Franséisch bzw. d’Kenntnisser e Spellchecker ze benotze sinn erfuerdert. |
| Websäit | Websäit Beoptragte haalen ons verschidde Websäiten up-to-date, verbessere Feeler a sëtzen néi Texter online. |
| Youtube | Youtube Beoptragte soll regelméisseg Videoen op onse Channel sëtzen, op Kommentaren äntwerten a generell ons Präsenz op Youtube verbesseren. |
| WordPress | Als WordPress Guru géifs Du dech ëm d’Aktualiséierung an d’Weiderentwécklung vun onsem Website këmmeren. Kenntnisser am Ëmgang mat WordPress, mat PHP an CSS sinn erfuederlech. |
| Wiki-Gärtner | De Wiki-Gärtner këmmert sech ëm onse Wiki an hällt Wikipedia Artikelen iwwer d’Piratepartei up-to-date. |
Du wëlls ons bei enger Aufgab hëllefen? Mëll Dech op ahoi@piratepartei.lu!
| Beoptragung | Beoptragten |
|---|---|
| Social Media De Social Media Beoptragten këmmert sech ëm de Facebook, Twitter, Google+ an all weideren Account op soziale Netzwierker. |
Claude Feltgen1 |
| Iwwersetzungen Den Iwwersätzungs-Beoptragten a säin Team iwwersätzen Pressematdeelungen, Infoblieder, Flyeren etc. op däitsch, franséisch an all weider Sproch déi gewënscht ass. |
Claude Feltgen1 |
| Sëtzungsprotokollant De Sëtzungsprotokollant féiert bei de Präsidiumssëtzungen, souwuel Telefonskonferenz wéi Real-life Meetinger de Protkoll |
Pit Wenkin3 |
| Regional a lokal Koordinatioun De regionalen a lokalen Koordinator koordinéiert an ënnerstëtzt Beméiungen zu Bezierks- a Sektiounsgrënnungen. |
Marc Goergen4 |