Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Méi Demokratie

Demokratie | CC BY-SA Claude Meisch (Cayambe on Wikipedia)

Zu Lëtzebuerg bedeit Demokratie am Moment, datt een all 5 Joer e puer Deputéiert wielt. ‘Demokratie’ (vu griichesch fir ‘Herrschaft vum Vollek’) bedeit awer vill méi wéi nëmmen dat! Säit Joren hänkt d’Gläichgewiicht tëscht dem Wëlle vum Vollek an dem Ofstëmmungsverhalen an der Chamber gewalteg schif. D’Méiglechkeete fir de Bierger, op d’Gestaltung vun der Politik Afloss ze huelen, sinn zu Lëtzebuerg vill ze geréng. Et ass dofir noutwenneg „mehr Demokratie zu wagen“.

Nei Weeër erkennen

Digital Medien acceleréieren den Informatiounsaustausch an der Gesellschaft immens. Et ass an der aktueller Zäit eppes Einfaches, a grousse Quantitéite vun Informatiounen ze sichen an dës jidderengem accessibel ze man. Dëst alles erméiglecht ganz nei a bis elo ondenkbar Léisunge fir d’Verdeelung vun der Muecht am Staat. Virun allem eng Dezentraliséierung vu Verwaltungen a generell Systemer gëtt doduerch vill méi einfach.

D’digital Revolutioun erlaabt de Mënschen eng Weiderentwécklung vun der Demokratie, bei där d’Fräiheet, d’Grondrechter, virun allem d’Meenungsfräiheet wéi och d’Méiglechkeete vu jidderengem fir matzebestëmme gestäerkt ginn. D’Piratepartei gesäit et als hir Aufgab, d’Upassung vun der geliefter Demokratie am Grand-Duché un déi nei Méiglechkeete vum 21. Jorhonnert ze begleeden a mat ze gestalten.

Partizipatioun vun de Bierger stäerken

D’Pirate striewen no enger méiglechst grousser demokratescher Gläichstellung vun alle Mënschen. Aus dësem Grond ass et d’Zil vun der Piratepartei, déi direkt an indirekt Méiglechkeete fir demokratesch mat ze bestëmme vu jidderengem ze stäerken an d’Partizipatioun vun all Bierger weider auszebauen.

Méi direkt Demokratie

Och fir direktdemokratesch Initiativë muss ee vill méi staark Mooss u Verbindlechkeet gesetzlech verankert ginn. Déi schonn an anere Staate mat Succès agesate Méiglechkeete vun engem elektronesche Petitiounswiese soll och zu Lëtzebuerg agefouert ginn. Nei Forme vun der Biergerbedeelegung mat Hëllef vu medialen Interaktioune mussen entwéckelt a getest ginn. Nei Modeller vun der partizipativer Demokratie, wéi z.B. Ee Biergerhaushalt sinn ze entwéckelen an ëmzesetzen.