Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Natur- an Ëmweltschutz

Natur- & Emweltschutz | CC BY-NC-SA Gwenaël Piaser (Flickr)

Jiddwer Mënsch huet d’Recht op ee Liewen an enger Welt, déi weder fir seng Gesondheet, nach fir déi vu senger Famill geféierlech ass.

Mir halen et dofir fir falsch dës Welt duerch Ëmweltverschmotzung a Ressourceverschwendung futti ze man. Dëst wieren nämlech gravéierend grenz- a generatiouneniwwergräifend Aschnëtt an d’Rechter vun den aktuellen a kommend Generatiounen.

Aus dëser Iwwerleeung eraus setzt sech d’Piratepartei fir d’Erhale vun der Ëmwelt, d’Verbesserung vu Liewensraim an engem nohaltegen Ëmgang mat Ressourcen an.