Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Neutralitéit vu Staat a Glawen

Trennung | CC BY-NC-SA M Kuhn (Flickr)

Modern Gesellschaften si gekennzeechent vun enger Fräiheet a Villfalt u kulturellen, reliéisen an weltanschaulechen Astellungen. D’Staatswiesen huet d’Pflicht dës Fräiheeten ze garantéieren. Mir erkennen a respektéieren d’Bedeitung, di individuell reliéis a moralesch Anschauleche fir den eenzele Mënsch erlaange kennen. Reliouns- a Glawensfräiheet bedeit awer net nëmmen d’Fräiheet säin eegene Glawen ze liewen, mä eben och d’Fräiheet virun engem reliéisen Diktat.

Ee weltleche Staat erfuerdert eng strikt Neutralitéit vun alle staatlechen Ugeleeënheete vis-à-vis vu Glawensgemeinschaften. All finanziell a strukturell Avantage vu Glawensgemeinschafte sinn ofzeschafen, genau wéi all Ënnerdréckung vu Glawensrichtungen, déi mat de rechtsstaatleche Prinzipie vun eiser Demokratie vereinbar sinn, ze verhënnere sinn.