Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Sozial Medien

Social Media | CC BY-NC the tartanpodcast (Flickr)

Twitter

D’Piratepartei a vill vun onsere Memberen benotzen de Kuerznorichtendéngscht Twitter. Op @Piratepartei fënns Du die neisten Informatiounen ronderem d’Partei, ons Themen a kanns direkt mat ons a Kontakt trieden.

Fir den Twitter Account vun der Piratepartei sinn verantwortlech:

  • Jerry Weyer: /jw
  • Sven Clement: /sc
  • Claude Feltgen: /cf

Facebook

Um Laafende bleiwen a mat ons diskutéieren kanns De och op onser Facebook Page. “Like” a “share” ons Artikelen wann se Dir gefaalen!

Wichteg bei Facebook, wéi bei all sozialem Netzwierk ass, dass De der iwwer Virdeeler an Nodeeler bewosst bass. Als Piratepartei gesi mer Facebook als eemoleg Plattform mat ville Mënschen a Kontakt ze kommen. Mir mussen awer och op Risiken opmierksam maachen – also kuck an Dengen Astëllungen, dass keng Informatioune verëffentlecht ginn, déis Du net wëlls verëffentlechen! D’Piratepartei steet fir informationell Eegebestëmmung; jidereen soll entscheede kënne wéi vill perséinlech Informatiounen en iwwer sech präis gëtt. Dofir rode mir un: wann Facebook genotzt gëtt, näischt verëffentlechen waat soll geheim bleiwen!

Google+

Op Google+ informéiert an diskutéiert d’Pirateparpartei och säit kuerzem. Dës Plattform ass nei a mir probéieren grad aus a wéi enger Form se am bäschten benotzt gëtt – dofir 1+ ons an diskutéiert mat!

De Social Media Beoptragten këmmert sech ëm d’Facebook a Google+ Accounts vun der Piratepartei.