Du wëlls d’Piratepartei ënnerstëtzen an aktiv mat entscheede, wéi d’Politik vun der Piratepartei an Zukunft ausgesi soll? Da gëff Member!
Bäitrëttsformulaire
D’Cotisatioun ass an der Satzung op 3€ de Mount, d.h. 36€ d’Joer festgeluecht. Jugendlecher ënner 26 Joer kënnen eng Ermässegung op 18€ ufroen. Jiddereen, deen d’Cotisatioun net kann bezuelen kann eng Reduktioun ufroen.
Bei Problemer mam Formulaire kanns Du och einfach eng E-Mail mat den Donnéeën op ahoi@piratepartei.lu schécken!
Nom Verschécke vum Formular gëtt Deng Demande gespäichert a mir schécken Dir sou schnell wéi méiglech ee Bréif mat der Rechnung a weideren Informatiounen wéi s Du kanns bezuelen.
D’Piratepartei späichert dës Donnéeën fir uerdnungsgemäss op de Landeskongress kënnen anzelueden. All Pirat huet d’Recht seng Donnéeën unzefroen, ze veränneren an bei Austrëtt läschen ze loossen