Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Matschaffen

Matschaffen

Gutt Ideeë sinn do fir ëmgesat ze ginn! D’Piratepartei ass eng Matmaachpartei, dat bedeit, dass all Member aktiv un all Projet vun der Partei kann deelhuelen. Dofir bidde mir verschidde Méiglechkeeten un zesummen ze schaffen.

An onsen Aarbechtsgruppen ginn ons Themen konkretiséiert an nei Positiounen ausgeschafft. Mëll Dech an eng AG zu engem Thema dat Dech interesséiert oder ma eng AG zu engem neien Thema op!

Du wëlls der Partei an hiren Aufgaben hëllefen? Aufgaben si vum Präsidium ausgeschriwwe Beoptragunge déi d’Aarbecht an der Partei vereinfache sollen.

Egal zu wellechem Zweck, Pirate schaffe vill a Piratepads. An engem Pad kënne puer Leit gläichzäiteg un engem Text schaffen – dat perfekten Tool fir eng Partei wou jidderee ka matmaachen!