Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Geschicht

Geschicht | CC BY Phillip Krapp

Di éischt Piratepartei gouf den 1.1.2006 a Schwede vum Rick Falkvinge gegrënnt. Schnell huet sech eng international Beweegung entwéckelt. International op der politescher Bühn bekannt gi sinn d’Pirateparteie virun allem duerch di 2 gewielte Vertrieder am Europaparlament Christian Engström an Amelia Andersdotter, d’Ënnerstëtzung vun der Whistleblowerplattform Wikileaks an d’Areeche vun 8,9% bei de Berliner Wahlen 2011. De 4. Oktober 2009 ass mat der Grënnung vun der Piratepartei Lëtzebuerg dës Beweegung och zu Lëtzebuerg ukomm.

3. Landeskongress vun der Piratepartei Lëtzebuerg

Foto Zweeten Landeskongress Piratepartei Lëtzebuerg
Den 18. Mäerz 2012 haten d’Piraten hiren éischte programmatesche Landeskongress, spriech et goufe keng Comitéswahlen, mä just inhaltlech Unträg.

Sou huet d’Piratepartei sech ënnert dem Schlagwuert ‘Selbstbestëmmung’ fir eng zäitgeméiss Familljen- a Geschlechterpolitik ausgeschwat an och e sozialpoliteschen Deel an de Grondsazprogramm opgeholl. Donieft hunn sech d’Pirate kloer géint Diskriminéierung aller Aart, am speziellen och géint Auslännerfeindlechkeet staark gemaach.

Nieft dem Ausbaue vum Grondsazprogramm hunn d’Piraten um Kongress och konkret Fuerderungen am Format vu Positiounspabeieren an hire Kärthemen ugeholl. Esou hunn se hir Virstellunge beim Wahlrecht virgestallt (ë.a. e Wahlrecht fir Net-Lëtzebuerger an en Ofschafe vun der Wahlpflicht gëtt gefuerdert). Ma och an aneren Themeberäicher huet d’Piratepartei konkret Fuerderungen ausgeschafft. Sou fuerderen si bspw. d’Aussetze vun der Vorratsdatespäicherung oder eng méi modern a fair Parteiefinanzéierung.

De Kongress huet d’Piraten och nees an d’Medie bruecht, sou gouf et een interessanten Artikel an der Woxx an eng Reportage op RTL Tele.

2. Landeskongress vun der Piratepartei Lëtzebuerg

Foto Zweeten Landeskongress Piratepartei Lëtzebuerg
Den 29. Oktober 2011 hunn sech knapp 60 Piraten a Gäscht zu Waasserbëlleg am Centre Culturel zesumme fonnt fir de Programm vun der Piratepartei Lëtzebuerg ze erweideren. Sou hunn d’Memberen d’Themen Natur- an Ëmweltschutz, méi Demokratie an Neutralitéit vum Staat géigeniwwer Glawensgemeinschaften an de Programm gestëmmt. Donieft goufe Positiounen zu engem transparente Staat, Politiker, a Budget konkretiséiert.

Nieft der inhaltlecher Aarbecht gouf e neie Präsidium gewielt an verschidde Virträg zu Piraten-Themen ugebueden. Um Kongress hunn eng sëllech international Gäscht, e.a. aus der Schwäiz an Däitschland Deel geholl an ënnerstrach, dass Piraten eng international Beweegung, méi wi eng Partei sinn!

De komplette Kongress gouf live gestreamed an d’Opnahme sinn op Youtube ze fannen. D’Timestamps vun den eenzelen Anträg a Virträg hëllefen die gewënschten Ausschnëtt ze fannen.

Fir en Androck vum Kongress ze kréien stinn Fotoen zur Verfügung an de Reportage vun RTL Telé Lëtzebuerg.

Ausseruerdentleche Landeskongress 2011

Foto Ausseruerdentleche Landeskongress Piratepartei Lëtzebuerg

Nom Récktrëtt vum Trésorier am November 2010 huet sech d’Piratepartei Lëtzebuerg den 20. Mäerz 2011 am Hotel Mercure an der Staat-Lëtzebuerg zum ausseruerdentleche Landeskongress getraff. Dëse Kongress hat, wéi et d’Satzung virgesäit, als eenzege Punkt d’Neiwahle vum Präsidium.

No dem offiziellen Deel mat den Tätegkeetsberichter an Neiwahlen hunn déi uwiesend Piraten d’Chance genotzt an beim Membertreffen zesumme mam neie Präsidium iwwer d’Zukunft vun der Piratepartei diskutéiert.

Fotoe vum ausseruerdentleche Landeskongress sinn hei ze fannen.

1. Landeskongress vun der Piratepartei Lëtzebuerg

Foto éischte Landeskongress Piratepartei Lëtzebuerg

De Samschden 18. September huet sech Piratepartei Lëtzebuerg zu Ierpeldeng vir hire éischte Landeskongress getraff a Weiche vir d´Wahlen 2014 gestallt. Nieft der Wahl vun engem neie Comité a Ännerungen an de Statute vun der Partei gouf och di international Kooperatioun wieder gestäerkt.

D´Plangen an Duerchfeiere vum Landeskongress huet den Usproch vun der Piratepartei als „Matmaachpartei“ ënnerstrach. Virum Kongress konnt all Member Unträg stellen, iwwer déi dann um Kongress diskutéiert an ofgestëmmt goufen. Well Piratepartei op dat bei anere Parteien üblecht Delegeiertesystem verzicht, konnt all Member um Kongress deelhuelen, matschwätzen a kandidéieren. D´Veranstaltung war net nëmme vir Gäscht oppen, mais gouf och live per Videostreaming um Internet iwwerdroe vir all interesséierter Persoun Méiglechkeet ze ginn um Geschéien deelzehuelen.

Weider Fotoe vum 1. Landeskongress.

Grënnung vun der Piratepartei Lëtzebuerg

Foto Grënnung Piratepartei Lëtzebuerg

De Sonden, 4.Oktober 2009, huet sech Piratepartei Lëtzebuerg an enger entspaanter Atmosphär an der Lëtzebuerger Alstad gegrënnt. Bei der Grënnung waren 23 Leit dobäi.

Nom Virbild vun der schwedescher „Piratpartiet“ steet Piratepartei Lëtzebuerg vir eng fräi an oppe Gesellschaft di allerdéngs d´Privatsphär vum Eenzelnen am Informatiounszäitalter respektéiert. Di aktuell europawäit Tendenzen zum Iwwerwaachungsstaat refuséiere Piraten entscheeden. D´Partei ass géint de gliesene Bierger a fuerdert amplaz een transparente Staatsapparat. Eng Erneierung vum Urheberrecht a Patentwiese goufen och eestëmmeg am Parteiprogramm verankert. D´Pirate setzen sech vir ee fräien Zougang zu Informatiounen a Bildungsmaterialien an.

Och Vertrieder vum Bundesvirstand vun der Piratepartei Däitschland, vum saarlännesche Landesverband wei och de Generalsekretär aus Rheinland-Pfalz hunn sech zu Lëtzebuerg-Stad getraff.

Weider Fotoen vun der Grënnung.