Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Wirtschaftspolitik

D’Piratepartei Lëtzebuerg leet e Mënschebild vun der eegestänneger Verantwortung fir sech selwer an d’Gesellschaft zu Gronn, dat och an der wirtschaftspolitescher Ausriichtung Uwennung fanne muss. Dëst Mënschebild begräift de Mënsch net als rengen “homo oeconomicus” deen nëmmen säin economeschen Notzen erhéije wëll, mä als Wiesen dat e Selbstbestëmmt Liewe féiere wëll an sech unhand vu sengem Potential entfale wëll. Deementspriechend strieft d’Piratepartei e Wirtschaftssystem un dat dës zwee Aspekter matenaner verbënnt, engersäits soll de fräie Marché, wou e funktionéiert, net ageschränkt ginn, anerersäits soll, wou noutwenneg, e sozialen Ausgläich stattfannen.

D’Plattformneutralitéit ass en verankert Grondprinzip vun der Piratepartei a muss weiderhi garantéiert ginn. Sou muss all Mënsch d’Recht op eng sécher Existenz a gesellschaftlech Participatioun garantéiert ginn an den Zougank zur Infrastruktur erméiglecht ginn. Mënschen dierfen net duerch d’Wirtschaftspolitik an der Selwerbestëmmung vun hirer Liewesplanung behënnert ginn a solle fräi och nei Erwerbsentwërf fir sech definéieren dierfen.

D’Ziel vun der Piratepartei ass et en néidegen Ausgläich tëscht traditionellen Zieler ewéi Wuesstem, Stabilitéit, héijem Beschäftegungstaux an Aussewirtschaftsgläichgewiicht an de gesellschaftlechen Zieler vun der Partei hierzestellen. Wirtschaftlechen Erfolleg dierf sech net nëmmen u reng economesche Parametere moossen, mä virun allem a Moosse vum gesellschaftlechen Erfolleg wéi z.B. Verdeelungsgerechtegkeet, ekologeschen Nohaltegkeetszieler an dem schounenden Ëmgang mat Ressourcen, souwéi Wuelbefannen an Zefriddenheet vun der Bevëlkerung am Sënn vum Bruttonationalgléck.

Fir e wirtschaftspoliteschen Uerdnungskader

De wirtschaftspoliteschen Uerdnungskader wéi vun der Piratepartei Lëtzebuerg gefuerdert soll Muechtkonzentratiounen a Monopolstellunge wéi och hir negativ Konsequenze verhënneren an de fräie Marché tëscht allen economeschen Akteure wéi och eng transparent Präisbildung garantéieren. Am Fall vu Marché mat natierleche Monopoler oder déi déi elementar Grondleeschtung garantéieren, muss een onofhängege staatleche Reguléierungsbureau garantéieren, dass dës Monopolstellung net ausgenotzt gëtt an dass d’Offer transparent an economesch begrënnbar zustan kennt.

Mir setzen eis fir de Schutz vun Individualeegentum an, wëllen awer och d’Mëschforme vun Individual- a Kollektiveegentum berécksichtegen. De Staat soll nëmmen déi noutwenneg Agrëffer erlaabt kréie fir sécherzestellen, dass de Gebrauch vun den Eegentumsrechter och dem Allgemengwuel zu gutt kënnt. Immaterialgidder gi vun der Piratepartei zwar net ofgeleent, mir leenen dofir awer déi kënschtlech Verknappung vu gemeinsam benotzbare Gidder of, well dëst dem fräie Floss vun Iddien, Informatiounen an Innovatiounen an der moderner Wëssensgesellschaft entgéintsteet.

D’Vertragsfräiheet ass e schützeswäert Gutt, dat vun der Piratepartei verteidegt gëtt. Nëmmen a Fäll, wou d’Daseinsberechtegung betraff ass oder eng ongläich Verhandlungspositioun virläit, soll dës ageschränkt ginn fir de méi schwaache Vertragspartner ze schützen. Dëst gëllt virun allem an de Beräicher vum Miet- an Aarbechtsrecht. Och däerf d’Vertragsfräiheet net genotzt gi fir Mënschen opgrond vun hirer Hierkonft, hirem Geschlecht oder Glawen ze diskriminéieren, entspriechend Moossnamen si ze huelen fir dëst sécherzestellen. Keen dierf gezwonge ginn e bestëmmte Service ze benotzen, ausser et handelt sech ëm Grondversuergungsservicer. Zur Sécherstellung vun der demokratescher Kontroll an enger effektiver Korruptiounsbekämpfung musse souwuel fir staatlech Plaze wéi och fir déi mat ëffentlechen Aufgabe betraute privatwirtschaftlech Entreprise speziell Haftungs-, Transparenz- a Verëffentlechungsflichte gëllen.

Eng Economie déi op strukturell Ännerunge virbereet ass

D’strukturell Ännerungen, déi d’Weltwirtschaft grad opgrond vun der fortschreidender Globaliséierung an Digitaliséierung duerchméscht, stellen de Standuert Lëtzebuerg virun ëmmer méi grouss Erausfuerderungen. D’Piratepartei fuerdert den Transformatiounsprozess strukturpolitesch ze begleeden an eng grondleeënd Iwwerpréifung vun alle bisherege Moossnamen duerchzeféieren. Mir mussen déi negativ Konsequenze vum Strukturwandel duerch kloer Moossnamen ofschwächen an esou gestalten, dass jidderee matgeholl gëtt.

Klassesch Moossnamen, ewéi déi vun der Investitiounsfërderung fir Industrieentreprisen unzelackelen, hunn sech an der méi kuerzer Vergaangenheet als suboptimal erausgestallt. Fir d’Ofwandere vun der Industrie ze verhënneren an eng nei Usiidlung ze fërdere mussen nei Weeër gaange ginn. D’Piratepartei setzt hei op de verstäerkten Asaz vu méi klenge Firmen, déi eng dezentral Produktioun bedreiwen, wéi och op eng méi staark Fërderung vun Aarbecht, déi net u fest Plaze gebonne sinn.

D’sektoriell Strukturpolitik muss dohigoend nei geduecht ginn, dass Subventiounen a Vergënschtegungen nach eng Kéier iwwerpréift ginn a beim Erreeche vum Zil oder awer bei enger bewisener Notzlosegkeet konsequent zréck gefuer ginn. D’Zil vun der Politik dierf et net sinn d’Erhale vum Status Quo ze garantéieren, mä de Strukturwandel aktiv mat ze gestalten.

De Schlëssel zu engem economeschen Erfolleg fir Lëtzebuerg an enger globaliséierter Informatiounsgesellschaft, déi ëmmer méi duerch Wëssen an Informatiounen, wéi och hirem Erschléissen ofhängeg ass, ass eng iwwerduerchschnëttlech Educatioun. Als strukturpolitesch Moossnam fuerdert d’Piratepartei den Educatiounsberäich als ontrennbare Bestanddeel vun enger zukunftsorientéierter Politik ze begräifen an deementspriechend finanziell auszestatten.

Marchéë korrigéieren an ergänzen

An de Fäll wou d’Wettbewerbseconomie versot an ugestriefte Gläichgewiichter tëscht vollékswirtschaftlechen a gesellschaftspoliteschen Zieler bedrot sinn, fuerdert d’Piratepartei en aktiivt Agräife vum Staat an d’Wirtschaft. Dëst mam Ziel ergänzend an de Marché anzegräife fir onerwënschte Marchéseffekter ze korrigéieren.

Sou soll de Staat aus Siicht vun der Piratepartei an d’Prozesser vum Marché agräifen, fir am Kader vu konjunkturpolitesche Moossname wéi Konjunkturprogrammer de Wirtschaftskreeslaf ze stabiliséieren, fir de Präis vum Benotze vun natierleche Ressourcen esou ze chiffréieren, dass eng Ausbeutung op Käschte vun der Allgemengheet verhënnert gëtt a fir iwwert eng ausgeglache Geld- a Präispolitik d’Verbraucher a Spuerer ze schützen.

Eng besonnesch Roll kënnt aus Siicht vun der Piratepartei der Aarbechtsmaart- an Akommespolitik zou. Et ass ofzegesinn, dass de Strukturwandel, hin zu enger global vernetzter Wëssensgesellschaft, déifgräifend Auswierkungen op d’Liewens- a Beruffswelt wäert hunn. D’Opléise vun traditionelle Beschäftegungsverhältnisser an d’Erausbilde vun neien hybride Formen tëscht ofhängeger Beschäftegung an eegestänneger Tätegkeet erfuerderen eng grondleeënd Reform vum Sozialstaat, fir d’Bevëlkerung virun ausbeutereschen Ofhängegkeetsverhältnissen ze schützen. Dowéinst muss et d’Aufgab vum Staat, de Virstellunge vun der Piratepartei no, sinn, all Mënsch, bedengungslos an onofhängeg vu senger sozialer Hierkonft, ee gréisstméiglecht Mooss vu gesellschaftlecher Participatioun um Wirtschaftsliewen ze erméiglechen.