Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Ofschafe vun allen Herrschaftsprivilegien

Zu Lëtzebuerg gëtt d’Positioun vum Staatsoberhaupt momentan duerch d’einfach Gebuert weider verierft. Sou sëtzt schonns säit 1890 d’Famill Nassau-Weilburg un der Spëtzt vum Staat. D’Aufgabe vum Staatschef an der konstitutioneller Monarchie sinn net vu reng representativer Natur, ma e verbënnt souwuel legislativ wéi och exekutiv Befugnisser op sech. Sou ernennt an entléisst hien d’Regierung, ka selwer Gesetzesprojeten an d’Parlament areechen, bestëmmt d’Membere vum Staatsrot a kann zu all Moment d’Chamber opléisen. D’Pirate sinn der Meenung, dass et zu sou enger Muechtkonzentratioun nëmme komme kann, wann et demokratesch legitiméiert gouf. Och gëtt hei de rechtstaatleche Prinzip vun der Chancegleichheet an der Gläichberechtegung vun de Bierger mat Féiss getrëppelt.

D’Piratepartei setzt sech dowéinst fir d’Ofschafe vun allen Herrschaftsprivilegie vun der Hoheitsfamill an fir esou de Wee fir eng méi demokratesch Staatsform fräi ze maachen.