Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Inklusioun

D’Inklusioun an alle gesellschaftleche Beräicher ass en zentraalt Zil vun de Piraten. D’Pirate setzen sech fir eng Gesellschaft an, déi keng Barrièren an Hürden opbaut oder zouléisst. Eng Gesellschaft, an der sech Mënschen onofhängeg vun Alter, Geschlecht, Hierkonft, Nationalitéit souwéi kierperlech, psychesch, geeschteg oder soss Ënnerscheeder fräi vun Diskriminéierung a Stigmatiséierung mat de gläiche Chancen entfale kënnen. Eis Grondrechter sinn déi héchste Gesetzer vun eiser Gesellschaft an dierfen net ausgehiewelt ginn, weder duerch Gesetzer nach duerch gesellschaftlech Geflogenheeten.

D’wirtschaftlech Viraussetzunge fir eng ëmfaassend Inklusioun vun all Member vun eiser Gesellschaft muss onofhängeg vu wirtschaftlechen, sozialen oder kulturelle Viraussetzunge méiglech sinn. Nëmmen eng op Inklusioun zilend Politik verwierklecht d’Recht op e fräit Entfale vun der Perséinlechkeet. All Aart vun Ausgrenzung ass Onfräiheet.

Anescht ze sinn ass als Individualitéit ze gesinn, an eng Beräicherung fir eis gesellschaftlech Diversitéit an domadder vun eisem gesamtgesellschaftleche Potential. Déi gesellschaftlech Inklusioun ass hei als eng generell an dauerhaft Offer u jiddereen ze verstoen.

Fort vun der Integratioun hin zur Inklusioun

Dat bedeit, dass Individualitéit gewollt ass, a méiglech Hëllef zum Entfale vum eegene Potential ugebuede gëtt. Eng Integratioun géint de fräie Wëlle vun de Betraffenen ass keng Inklusioun, si ass als Zwangsvereenheetlechung ofzelehnen.

En vun uewen diktéiert Separéiere vu Behënnerten an Net-Behënnerte refuséiere mir Diversitéit an d’Abanne vun ënnerschiddlechste Vuen an Erfahrunge sinn eng Beräicherung fir eis Gesellschaft. Fräiwëlleg Gruppebildungen entspriechen der Versammlungsfräiheet.

Inklusioun muss an eiser Gesellschaft eng Selbstverständlechkeet ginn. Dëst ass en dauerhafte Prozess, deen elo ugefaange muss ginn.

Ausbléck

Inklusioun als Selbstverständlechkeet wäert iwwert d’Grenzen erausstrahlen. Global Inklusioun bedeit Raum ze schafe fir Mënsche jeeglecher Hierkonft mam Zil hier gesellschaftlech Eegenheeten a Mentalitéiten, Sprooch an national Identitéiten ze halen an ze fleegen. Amplaz vum Vereenheetlechen an Equaliséiere vun eiser kultureller Diversitéit soll eng weltoppe Gesellschaft favoriséiert ginn.