Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Bildung

Bildung | CC BY Phil Roeder (Flickr)

Fräi Bildung fir jiddereen

All Mënsch huet d’Recht op e fräien Zougang zu Informatioun a Bildung, onofhängeg vu senge soziale Wuerzelen. Schoulen an Universitéite musse gratis an ouni iergendwellech Limitë fir jiddereen zougänglech sinn.

Flexibele Léierprogramm

Bildung heescht net ee Léierkatalog ofzeschaffen, ma muss flexibel op eng oppen an sech verännerend Welt ugepasst kënne ginn. D’Schoulpersonal muss op aktuell Entwécklunge reagéiere kënnen, an dës de Kanner a Jugendlecher erklären. Individuell Betreiung erméiglecht et d’Stäerken ze förderen a Schwäche vu jidderengem ofzebauen.

Demokratiséierung vun de Bildungsariichtungen

Schoulen an Universitéite präge jonk Mënschen a mussen dofir sou weit wéi méiglech enger demokratescher Uerdnung ënnerleien. Eng demokratesch Organisatioun vun de Bildungsariichtunge soll de Studéierenden, genau wéi aneren Interessegruppe vun de Bildungsariichtungen, eng ugemoossen Aflossnahm erméiglechen. Op dës Aart a Weis ginn demokratesch Wäerter vermëttelt a virgelieft, d’Akzeptanz vun den Entscheedunge erhéicht, souwéi d’Gemeinschaftsgefill an de Schoule gestäerkt.

Medienkompetenz

D’Bildungswese muss sech un déi verännert Medienwelt upassen a Kanner a Jugendlech op den Afloss vun de „neie Medien“ virbereeden. Fir dass Kanner a Jugendlecher déi enorm Mengen un Informatioun verschaffen a verstoe kennen, mussen si Mediekompetenz geleiert ginn: vum einfachen Ëmgang mat „Social Networks“ wéi Facebook, Verhalensregele fir online Foren a Chats, bis hin zu der kritescher Analyse vun de Medien.