Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Europa ouni Grenzen

Europa | CC BY-SA infomatique (Flickr)

Internet fir jiddereen

Den Internet ass eng vun deene wichtegsten Informatiounsquellen a Mëttel zur Meenungsäusserung. Den Zougang zum Internet däerf net behënnert oder ënnerbonne ginn, an all Mënsch muss vun de schnellstméiglechste Connectioune profitéieren. D’Piratepartei ass strikt géint “3-Strikes” Modeller, oder all aner Form vun Zougangserschwéierung an den Internet.

Lëtzebuerg an Europa

De Prinzip vun Europa ouni Grenzen huet sech a ville Beräicher nach net duerchgesat. Dozou gehéieren och e puer Beräicher, der mer am klenge Lëtzebuerg besonnesch gutt spieren, ob bei deiere Gebühre fir mobil Internet oder kënschtlech Grenze bei Internetshops a Pay-TV. D’Piratepartei setzt sech dofir an, dass Limiten am europäeschen Handel ofgeschaf ginn. Händler a Service Providere sollen ënnerstëtzt ginn, wann se hir Wuer méiglechst europawäit ubidden.