Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Patentrecht

Patentrecht | CC BY-NC pilot_micha (Flickr)

Am Wandel vun Industrie- zum Informatiouszäitalter entwéckelen sech di weltwäit herrschend Patentreegelen deelweis vum Innovatiounsureiz zur Innovatiounsbrems. De Versuch, vir mat ale Mëttelen d’Zukunft ze gestalten, wäert mat de grondleeënde Verännerungen an der Welt net nëmmen ëmmer manner gerecht, mä en stellt och beispillsweis an de Beräicher vun der Patentéirung vun Erkenntnisser der Genforschung a Biotechnologien an och Beräich vun der Software eng grouss Gefor vir Gesellschaft vu muer duer. Grondsätzlech wëlle mir ee méi oppene Marché ouni di erschwéierend Aschränkunge vun der heiteger Patentpraxis areechen. Mir fuerderen, dass d’Patentsystem reforméiert oder duerch méi sënnvoll Regelungen ersat ginn. Op kee Fall dierf et mat innovatiounsfeindlech Regelungen ergänzt ginn.

Ofbau vu private Monopolen an oppe Marchéen

Generell ass een Ofbau vu Monopolen an eng Ëffnung vun de Marchéen een erklärt politescht Ziel vun eiser Partei. Patenter als staatlech garantéierte privatwirtschaftlech Monopole stelle grondsätzlech eng kënschtlech Aschränkung vum Allgemengwuel duer.

De verstäerkten internationale Wettbewerb féiert doriwwer eraus méi oft zu enger onzweckméisseger Notzung vum Patentsystem, bei der een oft keen Ausgläich vir Gesellschaft méi erkenne kann. Dem zouhuelende Mëssbrauch vu Patenter wëlle mir dowéinst Paroli gebidden. D’Patentéiere vun Trivialitéiten oder souguer Blockade vum Fortschrëtt duerch Patenter soll ënner allen Ëmstänn verhënnert ginn.

Dëst gelt och an am besonnesche vir de Beräich vun der Pharmaindustrie. Den héije Bedarf u Suen an di monopolarteg Struktur vun dësem Marche musse reorganiséiert gi vir di gesellschaftlech Ressourcë sënnvoll anzesetzen an net duerch Blockaden an zum Virdeel Eenzelner ze verschwenden. Patenter op Pharmazeutika hunn doriwwer eraus zum Deel ethesch héchst verwäerflech Auswierkungen.

Patenter an der Informatiounsgesellschaft

Wirtschaftlechen Erfolleg ass an der Informatiounsgesellschaft ëmmer manner vun techneschen Erfindungen, mä vu Wëssen an Informatiounen ofhängeg.

Bestriewen, dës Faktoren elo mam Patentsystem ze reguléieren, steet mat eiser Fuerderung no Fräiheet vu Wëssen a Kultur der Mënschheet diametral entgéint.

Mir sinn an aller Form géint Patenter op Liewewiesen an Gene, op Geschäftsiddien an och op Software, well si onzoumuttbar an onverantwortlech Konsequenzen hunn, well si d’Entwécklung vun der Wëssensgesellschaft behënneren, well si allgemeng Produiten ouni Géigeleeschtung an ouni Nout privatiséieren a well si keng Innovatioun am urspréngleche Sënn duerstellen.