Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Urheberrecht

Urheberrecht | CC BY-NC-SA pedrobea (Flickr)

Den uralen Dram, all Wëssen an all Kultur vun der Mënschheet zesummenzedroen, ze späicheren an Haut an an der Zukunft accessibel ze maachen, gëtt duerch di rasant technesch Entwécklung an de leschte Jorzéngten ëmmer méi gräifbar. Wéi all wichteg Innovatioun erfaasst dës villfälteg Liewensberäicher a féiert zu déifgräifende Verännerungen. Et ass eist Ziel, Chancë vun dëser Situatioun ze notzen a viru méigleche Geforen ze warnen. Den aktuelle gesetzleche Kader am Beräich vum Urheberrecht schränkt allerdéngs Potential vun der aktueller Entwécklung an, well se op engem veraalte Verständnis vum sougenannte „geeschtege Besetz“ baséieren, wat enger ugestriefter Wëssens- oder Informatiounsgesellschaft entgéint steet.

Keng Aschränkung vum Kopéieren

Systemer, déi op techneschen Niveau Kopië vu Wierker be- oder verhënneren („Kopeierschutz“, „DRM“, etc.), beschränke kënschtlech hier Disponibilitéit vir aus engem fräie Produit ee wirtschaftlecht ze man. D’Creéiere vun engem kënschtleche Manktem aus reng wirtschaftlechen Zwecker sinn vir eis onmoralesch, an dofir si mir géint dëst Verfahren.

Doriwwer eraus behënneren sinn op villfälteg Art a Weis berechtegt Notzung vu Wierker, erschafen eng vollkommen inakzeptabel Kontroll an oft och Iwwerwaachung vum Notzer a bréngt d’Notze vu Wierker vu kommende Generatiounen a Gefor, deenen den Zougang zu den heitegen Ofspillsystemer feele kéint.

Fräit Kopéieren an fräi Notzung

Well sech Kopéierbarkeet vun digital virleiende Wierker technesch net sënnvoll aschränke léist an di flächendeckend Duerchsetzbarkeet vu Verbueder am private Liewensberäich als gescheitert ugesi muss ginn, sollte Chancë vun der allgemenger Disponibilitéit vu Wierker erkannt an genotzt ginn. Mir sinn der Iwwerzeegung, dass d’onkommerziellt Kopéieren a Benotze vu Wierker als natierlech verstan sollt ginn an Interessie vun de meeschten Urheber, entgéint aner Behaaptunge vu bestëmmten Interessegruppen, net negativ beaflosst.

Tatsächlech existéiert eng Villzuel vun innovative Geschäftsmodeller, déi fräi Disponibilitéit bewosst zu hirem Virdeel notzen an Urheber onofhängeger vu bestoende Marchésstrukture maache kënnen.

Dowéinst fuerdere mir d’onkommerziellt Kopéieren, Tauschen, Späicheren an Notze vu Wierker net nëmmen ze legaliséieren, mä och explizit ze förderen, vir di allgemeng Disponibilitéit vun Informatioun, Wëssen an Kultur ze verbesseren. Dëst stellt eng essentiell Grondviraussëtzung vir déi sozial, technesch an wirtschaftlech Weiderentwécklung vun eiser Gesellschaft duer.

Ënnerstëtze vun der Kultur

Mir gesinn et als eis Verantwortung, d’Kreatioun vu Wierker, besonnesch am Hibléck op d’kulturell Villfalt, ze förderen. Positiv Effekter vun deene gefuerderten Ännerunge sollen am vollen Ëmfang genotzt kenne ginn. Méiglech, awer net ze erwaarden negativ Niewewierkunge musse bei hirem Optrieden no Méiglechkeet minimiséiert ginn.

Ausgläich zwëschent Uspréch vun den Urheber an der Ëffentlechkeet

Mir kennen d’Perséinlechkeetsrechter vun den Urheber un hirem Wierk am vollen Empfang un. Déi heiteg Regelung vun de Verwäertungsrechter gëtt engem fairen Ausgläich tëscht de berechtege wirtschaftlechen Interesse vun den Urheber an dem ëffentlechen Interessi un Zougang zu Wëssen a Kultur awer net gerecht.

Am Allgemenge gëtt fir d’Schafe vun engem neie Wierk an groussem Mooss op den ëffentleche Schatz u Schëpfungen zeréckgegraff. D’Réckféierung vu Wierker an den ëffentleche Raum ass dohier net nëmme berechtegt, mee am Sënn vun der Nohaltegkeet vun der mënschlecher Schafungsfäegkeet vun essentieller Wichtegkeet.

Et muss dowéinst e Kader geschaf ginn, deen eng fair Réckféierung an den ëffentlech Raum erméiglecht. Dëst schléisst am besonneschen eng drastesch Verkierzung vun der Dauer vu Rechtsuspréch op urheberrechtlech Wierker ënner déi am TRIPS-Ofkommen uginne Fristen an. D’Piratepartei schwätzt sech ausdrécklech fir eng Reform vum TRIPS-Ofkommen an der Berner Ofkommes am Sënn vun der Reduzéierung vun de Fristen aus.