Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Selbstbestëmmt Liewen

Selbstbestëmmte Liewen | CC-BY Tobias M. Eckrich

De Selbstbestëmmungsgedanke prägt a gestalt eist Liewe méi wéi alles anert. Et ass d’Basis fir d’Onofhängegkeet a Fräiheet an domadder all Mënsch onageschränkt zouzeschwätzen. Fir e selbstbestëmmt Liewen ze garantéieren dierf de Staat keng speziell Weltuschauung avantagéieren, muss eng gesellschaftlech Teilhabe garantéieren. Dës Rechter mussen fir jidereen gëllen, egal vun wéi enger Hierkonft.

Ma och a sengem onmëttelbarste Liewensëmfeld, der Famill, ass de Mënsch net sou fräi wéi en si misst. D’Gestaltung vum perséinleche Liewen an der sexueller Orientéierung sinn Ugeleeënheeten, déi der fräier Selbstbestëmmung vum Mënsch iwwerlooss musse ginn.