Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Wëssensgesellschaft

Wëssensgesellschaft | CC BY NC Thomas Hawk (Flickr)

Spéitstens säit de Siwwenzeger Jore befanne mir eis an engem rasante Wandel vun enger primär industriell geprägter Gesellschaft hin zu enger Wëssensgesellschaft. Dat erméiglecht engersäits komplett nei Aarte vum Zesummeliewen an der politescher Matbestëmmung, stellt eis awer och virun nei Erausfuerderungen.

D’Zil vun der Politik kann et net sinn, dës Entwécklung ze stoppen; dowéinst mussen amplaz déi sech biddend Chance genotzt an d’Risike miniméiert ginn.

D’Fäegkeet zur aktiver Participatioun an der Gesellschaft hänkt haut an ëmmer méi groussem Mooss vum gewonnene Wëssen a Kënnen of. Aus dësem Grond muss alle Mënschen d’Méiglechkeet gi sinn, dës Fäegkeeten ze erwerben. Erfuerderlech heifir ass e fräien Zougank zu héichwäerteger Bildung fir all d’Mënschen. All finanziell a rechtlech Aschränkungen, déi den Zougank zu Wësse verhënneren oder méi schwéier maache mussen iwwerpréift an -souwäit wéi méiglech- ofgebaut ginn. D’Immaterialgidderrecht wéi d’Urheberrecht oder d’Patentrecht muss déi kulturell Weiderentwécklung ënnerstëtzen an net blockéieren.