Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Biergerrechter

Biergerrechter

Mënscherechter berouen um Prinzip vum Uechte vu jiddwer Eenzelnem. All Persoun ass e moralescht a vernonftbegabt Wiesen, dat et verdéngt mat Würd behandelt ze ginn. Dës Rechter ginn Mënscherechter genannt, well se allgemeng gülteg sinn.

Och am 21. Jorhonnert sinn dës Mënschen- an och ons Biergerrechter awer ëmmer rëm bedrot. Virun allem d’Privatsphär an den Dateschutz goufen a gi weiderhi wéinst dem sougenannte Kampf géint den Terror ëmmer méi ausgehielegt. Och steet d’Meenungsfräiheet, virun allem am Internet, ëmmer rëm an der Diskussioun.

D’Piraten hunn sech dowéinst op hire Segel geschriwwen dës fundamental Rechter, fir déi Generatiounen a Generatioune virun eis gekämpft hunn, ze verteidegen.