Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Fir eng weltanschauungsneutral Gesellschaft

Gesellschaft | CC-BY Tobias M. Eckrich

Onofhängeg vun de Froe wou, wéi a wéini eng Persoun gebuer gouf, huet all Mënsch déi gläich Mënscherechter.

Dëst bedeit, dass Faktoren déi zum Zäitpunkt vun der Gebuert gegollt hunn net als Grondlag zur Diskriminatioun erugezunn dierfe ginn. Sou Faktore beinhalte souwuel d’Plaz an den Zäitpunkt vun der gebuert wéi och net gewielte Charakteristike vun engem Individuum (Hautfaarf, Aen, Hoer, Geschlecht a sexuell Orientéierung, souwéi ähnlech Faktoren). Des Weidere soll et jidderengem fräi stoe belibeg Bekenntnisser no senger Gebuert ze vertrieden, sief dës eng politesch, weltlech, reliéis oder enger Mëschung vun dëse Weltuschauungen. Dës Bekenntnisser sinn déi gewonnen Iwwerzeegungen. Et dierf zu kengem Avantagéieren oder Benodeelegung opgrond vun dëse gewonnenen Iwwerzeegunge kommen. Déi ëffentlech Hand dierf keng vun dëse verschiddene Bekenntnisser avantéigeren.

Déi säkulär, wëssenschaftlech Weltuschauung gëtt net als gewonnen Iwwerzeegung betruecht, mä steet als onofhängeg Analys vun de Fakten amplaz vum Glawe fir sech alleng. D’Piratepartei steet fir eng Politik déi op wëssenschaftlech verifizéierbare Fakte berout a keng weltanschaulech Bekenntnisser als Grondlag notzt. Dës Mënscherechter déi op all Individuum uwennbar sinn, beinhalten d’Meenungsfräiheet an d’Recht op en eegene Kierper.