Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Recht op gesellschaftlech Participatioun

Gesellschaft | CC BY UggBoy♥UggGirl [ PHOTO // WORLD // TRAVEL ] (Flickr)

All Mënsch huet d’Recht op eng sécher Existenz a gesellschaftlech Participatioun. D’Würd vum Mënsch muss geuecht a geschützt ginn. Ee Mënsch kann nëmmen a Würd liewen, wann fir seng Grondbedierfnisser gesuergt an him eng gesellschaftlech Participatioun méiglech ass. An eiser Geldwirtschaft ass dozou en Akommes noutwenneg.

Wann een Akommes nëmmen duerch Aarbecht erzielt ka ginn, muss zur Sécherung vun der Würd vun alle Mënsche Vollbeschäftegung herrschen. Ënnert dëser Viraussetzung ass Vollbeschäftegung bis elo e grousst Ziel vun der Wirtschaftspolitik. Si gëtt op zwee Weeër versicht ze erreechen: duerch wirtschaftsfërdernd Moossname mam Ziel vum Schafe vun Aarbechtsplazen oder duerch staatlech finanzéiert Aarbechtsplaze mam virrangegen Ziel vun der Existenzsécherung. Allen zwee sinn Ëmweeër a verlaangen ëmfangräich ëffentlech Mëttel.

Wann allerdéngs ëffentlech Mëttel agesat ginn, muss dëst méiglechst zielféirend geschéien. Well et d’Ziel en Akommes zur Existenzsécherung fir jiddereen ass, sollt dëst Akommes jidderengem direkt garantéiert ginn. Nëmmen doduercher ass d’Würd vun all Mënsch ausnahmslos geséchert. Sou wéi haut schonns ë.a. ëffentlech Sécherheet, Verkéiersweeër a wäit Deeler vum Educatiounssystem ouni direkt Géigeleeschtung zur Verfügung gestallt ginn, soll och d’Existenzsécherung Deel vun der Infrastruktur ginn.

Mir Pirate sinn der Iwwerzeegung, dass eng iwwerwältegend Majoritéit vu Mënschen eng sécher Existenz als Grondlag fir d’Entfale vun hire wirtschaftlechen a sozial Potentialer notze wäert. Sécher Existenz schaaft e Fräiraum fir selbstbestëmmten Educatioun a Fuerschung souwéi economesch Innovatioun. Se erliichtert an erméiglecht éirenamtlechen Engagement, beispillsweis d’Fleeg vu Familljememberen, d’Virsuerg fir Kanner, onofhängege Journalismus, politesch Aktivitéit oder d’Schafe vu Konscht a fräier Software. Heivunner profitéiert di ganz Gesellschaft.

D’Piratepartei setzt sech dowéinst fir Léisungen an, déi eng sécher Existenz a gesellschaftlech Participatioun individuell a bedingungslos garantéieren an dobäi och economesch Fräiheet erhalen an erméiglechen. Mir wëllen net Räichtum verhënneren, mä d’Aarmut.