Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Migratioun bereechert d’Gesellschaften

Migratioun | CC BY-NC-SA Marc Sardon (Flickr)

Mir gesinn d’Villfalt, déi duerch d’Zesummeliewe vu Mënschen ënnerschiddlecher Hierkonft entsteet, als Beräicherung vum gesellschaftleche Liewen. Mir erkennen de géigesäitegen Afloss vun Ausgrenzung duerch d’Majoritéitsgesellschaft a Segregatioun vun den als “friem” gebrandmarkte Mënschen a wäerten dës Situatioun als mat onse Virstellunge vu Mënschewürd net vereinbar. D’technesch Méiglechkeet, vergläichsweis einfach iwwer wäit Strecken ze reesen, huet och d’Bedingung fir Migratioun grondleeënd verännert. Lëtzebuerg ass säit Joerzéngten een Awanderungsland. Et ass ausserdeem Bestanddeel vun der Europäescher Unioun, déi sech an engem Prozess vun der fortschreitender Integratioun befënnt an zousätzlech Kompetenzen iwwerhëlt. Domat steet d’lëtzebuergesch Migratiounspolitik virun engem villfacher Erausfuerderung:
D’Entwécklung vun der Europäescher Unioun féiert och zur vollstänneger Fräizügegkeet vun hire Bierger. Innerhalb vun der Europäescher Unioun gëllen anzwëschen Aarbechtsfräizügegkeet an Nidderloossungsfräiheet vun de Bierger. Mir gesinn d’Entwécklung vun der Europäescher Unioun an eng vollstänneg Wunnsëtz-Fräizügegkeet. Dem mussen och déi sozial Sécherungssystemer Rechnung droen. Angeboter vir de Sproocherwerb an d’kulturell Villfalt gehéieren zu dëser Entwécklung zwangsleefeg dozou.

D’Ausgrenzung vun Aarbechtsmigranten iwwer Generatiounen ewech ass mënschenonwierdeg

Mënschen, déi als Aarbechtsmigranten oder aus ehemolege Kolonien an Iwwerséigebidder an d’Europäesch Unioun komm sinn, hunn d’Recht hei heemech ze ginn. Dozou gehéiert d’vollstänneg Integratioun an de Bildungswiesen, an den Aarbechtsmarché an d’Méiglechkeet zur Participatioun a Matgestalte vum kulturellen a politesche Liewen. Et ass d’Aufgab vun den europäesche Staaten fir eng réel Chance op Bildung a berufflechen Erfolleg vu Mënsche mat Migratiounshannergrond ze suergen. Et erfuerdert en aktiivt politescht Handelen, fir Diskriminatiounen ofzebauen an en gutt Zesummeliewe vun alle Mënschen am Land ze erreechen. Fir eng kommunal politesch Participatioun ze erméiglechen, ass et néideg Mënschen, déi keng Nationalitéit aus engem EU-Land hunn, d’Wahlrecht zu de kommunale Wahlen op hirem Liewensmëttelpunkt ze ginn.

Europa brauch wirtschaftlech Migratioun

Fir d’wirtschaftlech Entwécklung vun den europäesche Staaten ass et zwéngend noutwenneg, d’Fäegkeeten a Fertegkeete vun den hei liewende Mënschen ze fërderen an ze notzen. Di bishereg Ustrengungen zu enger erfollegräicher Educatioun vun der gesamter Bevëlkerung loosse leider oft leider de Géigendeel vermudden. Mä d’demografesch Entwécklung vun den europäesche Staaten léisst d’Perspektiv zou, dass dat alleng fir d’wirtschaftlech Entwécklung a fir d’Sécherung vun de Sozialsystemer net duergoe wäert. Bis zum Ofbau vun engem weltwäiten Ausgläich vun economeschen a sozialen Ongerechtegkeete sinn d’europäesch Staaten dowéinst dorobber ugewisen, dass Mënschen hei usiesseg ginn an zur economescher Entwécklung bäidroen. Dofir si Regelungen ze schafen, déi d’wirtschaftlech Immigratioun uerdnen an d’Wirtschaftsmigratioun vun den Erfuerdernisser vun enger gesécherter Zouflucht viru Verfolgung a Krichsfolge kloer ze trennen. D’Friste bis zu engem dauerhaft gesécherten Openthaltsrecht an op d’Chance zum Abiergere sinn däitlech erofzesetzen, besonnesch d’Ustrengunge vun de Migranten zum Léiere vun der Sprooch a berufflecher Integratioun si positiv ze ënnerstëtzen, hiert Feelen net als Virwand fir Diskriminéierung ze verwennen. Fir d’berufflech Integratioun sinn d’Regelen zur Unerkennung vun auslänneschen Educatiouns- an Ausbildungsofschlëss ze vereinfachen. International vertraglech Regelungen zur géigesäiteger Unerkennung vu Bildungsofschlëss sinn unzestriewen.

Zouflucht viru Verfolgung a Krich sécherstellen

Zouflucht viru politescher Verfolgung an de Folge vu Krich a Biergerkrich ze gewäerde gehéiert zu den elementare Verflichtunge vum Vëlkerrecht. Dës Flicht ass eng europäesch Gemeinschaftsaufgab. Dem widdersprécht et, wann europäesch Staaten – dorënner och Lëtzebuerg – sech dëser Aufgab ze entzéie probéieren. Mënschen, déi an Europa Zouflucht sichen, hunn d’Recht op e mënschewierdegt Liewen, op Beweegungsfräiheet a Participatioun an der Aarbechtswelt, op Educatioun a Kultur. Dat gëllt schonns, wann d’Grënn vun der Flucht nach net unerkannt sinn. Et gëllt och, wann en Zeréckgoen an d’Hierkonftsland net méiglech ass.

Zesumme géint Auslännerfeindlechkeet

Auslännerfeindlechkeet a kulturell begrënnten Diskriminéierung sinn nach ëmmer e gravéierende Problem, dat dem friddlechen Zesummeliewen an enger villfälteger Gesellschaft am Wee steet. Gewalt an Aschüchterunge wéinst der Hierkonft, Religioun, Kultur oder der Sexualitéit sinn an all Fall inakzeptabel. Dowéinst muss een der Auslännerfeindlechkeet an all Form kloer entgéinttrieden, wéi och anere Forme vun op Gruppe bezu Mënschefeindlechkeet. Biologistesch Weltbiller, an deene Mënsche bestëmmter Ofstamung anere vun Natur aus iwwerleeën ugesi ginn, si wëssenschaftlech widderluecht an onvereinbar mat der Wäerter an Zieler vun der Piratepartei, genausou wéi all Ideologie, déi ganze Bevëlkerungsgruppe kollektiv Hegemoniebestriewungen ënnerstellen, fir di angeblech Noutwennegkeet vun engem “Kampf vun de Kulturen” ze propagéieren. Beispiller fir däraarteg Ideologië sinn den Antisemitismus an den Islamhaass.
Dobäi gëllt et d’Prioritéit net nëmmen op de rechte Rand vun der Gesellschaft ze leeën, mä Viruerteeler an Intoleranz och an der Mëtt vun der Gesellschaft beim Alldagsrassismus, latent antisemitesche Stereotypen an der ëm sech gräifender Islamfeindlechkeet entgéintzetrieden. D’Piratepartei wëll Campagnen an Initiativen ënnerstëtzen, déi sech zum Ziel gesat hunn, de Verständnis tëscht de verschiddene Kulturen a Weltanschauungen ze verbesseren, Viruerteeler ofzebauen an de Mateneen ze fërderen. Och déi, deene rietsextremen Aktivitéiten entgéinttrieden an de Mënschen dobäi hëllefe wëllen sech aus dëse Kreesser ze léisen.