Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

International

International | CC BY-NC-SA visitmanchester (Flickr)

Nom Virbild vun der schwedescher “Piratpartiet”, déi sech Ufank 2006 gegrënnt huet, bilden sech weltwäit ëmmer nei Pirateparteien. Als international Beweegung ass d’gemeinsamt Ziel vun de Pirateparteien Politik ze veränneren. D’Piratepartei Lëtzebuerg huet vun Ufank un enk Kontakter mat Piraten aus der ganzer Welt gepflegt an engagéiert sech an internationalen Organisatiounen.

Momentan ennerstëtzt d’Piratepartei Lëtzebuerg folgend international Organisatiounen:

Pirate Parties International

D’Piratepartei Lëtzebuerg ass Grënnungsmember vun den Pirate Parties International (PPI). Säit der Grënnung den 18. Abrëll 2010 ass dës Dachorganisatioun fir d’international Coordinatioun vun de Pirateparteien zoustänneg. Zu dësem Zweck gëtt all Joer eng international Konferenz organiséiert, 2011 zu Friedrichshafen an Däitschland. D’Aufgab vun der PPI ass et Kommunikatioun an Kooperatioun tëscht de Pirateparteien ze verbesseren an neie Pirateparteien bei der Grënnung an Entwécklung ze ënnerstëtzen.

Wéi Piraten international op enger PPI Konfernez zesumme schaffen wéist dëse Video.

Piraten ohne Grenzen

D’Piratepartei Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Organisatioun Piraten ohne Grenzen (POG) säit der Grënnung am März 2010. Dës Organisatioun wëll dei eenzel Piraten méi no zesumme bréngen an coordinéiert d’international Zesummenaarbescht vun den Piraten. Héi kann jiddereen Member ginn, deen d’Ideen vun den Piraten ënnerstëtzt, ob Organisatioun, Pirat oder interesséiert Persoun!