Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Privatsphär an Dateschutz

Privatsphär & Dateschutz

De Schutz vun der Privatsphär vum Eenzelne gehéiert zu de Grondprinzipie vum demokratesche Rechtsstat. Geprägt duerch di europäesch Geschicht ass d’Recht op eng Privatsphär en feste Bestanddeel vun nationalen an internationale Gesetzestexter, vun der lëtzebuergescher Konstitutioun bis zur Europäescher Mënscherechtskonventioun. An awer ginn haut opgrond vu moderner Technik, wouvunner fréier Diktatoren nëmmen dreeme konnten, dausende vu Bierger rondrëm d’Auer iwwerwaacht a kontrolléiert. D’Piratepartei Lëtzebuerg seet dëser Entwécklung entscheeden de Krich un, well all Schrëtt a Richtung vun engem Iwwerwaachungsstaat ass ee Schrëtt ze wäit an eng Zukunft, déi eis Europäer ze bekannt ass.

Privatsphär

D’Recht op Erhale vun der Privatsphär ass eng fundamental Grondviraussëtzung vun enger demokratescher Gesellschaft. D’Meenungsfräiheet an d’Recht op perséinlech Verwierklechung sinn ouni dës Viraussetzung net ze verwierklechen.

Iwwerwaachungssystemer a –Mesuren, di de Staat géint seng Bierger asetzt mussen andauernd enger Kontroll an enger genauer Analys duerch gewielte Kontrollinstanzen ënnerleien. Di systematesch Iwwerwaachung vun onschëllege Bierger ass eng fundamental Verletzung vum Biergerrecht op Privatsphär. All Bierger muss d’Recht op Anonymitéit, dat an der Verfaassung verankert ass, garantéiert ginn. D’Weiderreeche vu perséinlechen Date vum Staat un d’Privatwirtschaft muss op alle Fall ënnerbonne ginn.

D’Bréifgeheimnis muss erweidert ginn zu engem generelle Kommunikatiounsgeheimnis. Zougrëff op dës Kommunikatiounsmëttel dierf der Regierung nëmmen am Fall vun engem begrënnte Verdacht erlaabt ginn. D’Piratepartei Lëtzebuerg wiert sech géint all Oplockerung vun der Onscholdsvermutung.

Verdachtsonofhängeg Späichere vu Kommunikatiounsdate widdersprécht net nëmmen der Onscholdsvermutung, mais och géint all Prinzip vun enger fräier demokratescher Gesellschaft. De virherrschende Kontrollwahn stellt eng méi eescht Bedroung vun eiser Gesellschaft duer wei den internationalen Terrorismus an generéiert ee Klima vu Mësstrauen an Angscht. Flächendeckend Videoiwwerwaachung vun ëffentleche Plazen, diskutabel Rasterfahndungen an zentral Datebanke sinn Mëttelen, di mir ofleenen.

Informationell Eegebestëmmung

All Bierger muss d’Recht hunn seng perséinlech Daten zu all Moment zeréckverfollegen, änneren an och läschen ze kennen. Dozou musse virun allem Dateschutzbeoptragte vëlleg onofhängeg kennen agéieren. All Bierger muss géigeniwwer de Bedreiwere vun zentralen Datebanken een duerchsetzbaren a gratis Usproch op Renseignement a falls gewënscht op Korrektur, Sperre oder Läsche vun den Daten hunn.

Sammelen an Notze vu biometreschen Daten a Gentester musse wéinst dem grousse Mëssbrauchspotential eng extra kritesch Bewäertung a Kontroll vun onofhängeger Plaz ënnerleeën. Den Opbau vun zentralen Datebanke mat sou Date muss ënnerbonne ginn. Generell musse Bestëmmungen zum Schutz vu perséinlechen Daten d’Eenzegartegkeete vun digitalen Daten, wéi z.B di méiglech laang Liewensdauer an di schwéier kontrolléierbar Verbreedung, méi staark mat abezu ginn. Grad well Piratepartei Lëtzebuerg vir eng méi staark Befreiung vun Informatiounen, Kultur a Wëssen antrëtt, fuerdert si Datespuersamkeet, Datevermeidung an onofhängeg Kontrolle vu perséinlechen Daten, di fir wirtschaftlech oder administrativ Zwecker genotzt ginn an och Fräiheet an di informationell Eegebestëmmung vum Bierger onnéideg beschränken.