Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Géint Zensur

Zensur

Fräi Meenungsäusserung

An enger fräier a multimedialer Welt ass eng fräi Press an d’Recht, seng eege Meenung oppen ze soen oder ze verëffentlechen ee fundamentalen Deel. En demokratesche Staat dierf Meenungsbildungen net verhënneren oder erschwéieren. Kultur a Konscht muss sech fräi entwéckele kënnen an dierf net vum Staat kontrolléiert, verännert oder verbuede ginn. Dofir sinn d’Pirate géint all Art vun Zensur, vun der Press, dem Internet oder Fernseh, Literatur, Videosspiller, Musek oder all aner Art vun Konscht.