Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

D’Piraten um Festival des Migrations 2017

Och 2017 sinn d’Piraten nees um Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté mat engem Stand vertrueden. Dëst Joer steet eise Stand dann ënnert dem Motto “Zesumme liewen, zesummen decidéieren”: mat e puer prakteschen Informatiounen wëlle mer eis net-lëtzebuergesch Matbierger encouragéieren, sech an d’Wielerverzeechnësser vun hirer Gemeng anzedroen, sou datt se bei de Gemengewalen am Oktober an och bei den Europawalen 2019 wiele kënne goen. Zu dësem Zweck hu eng Broschür ausgeschafft:
Lëtzebuergesch Français Français Français

D’Piraten sinn och Offline verfügbar!

Niewt dréchenem Informatiounsmaterial hu mir eis awer och eng flott Aktioun iwwerluecht: schreift äer Wënsch a Visiounen fir eng modern an dynamesch Gemeng op e Post-It a pescht deen op eis “Offline Wall”. Natierlech freeë mer eis och iwwert ureegend a konstruktiv Diskussiounen mat eise Besicher: mir invitéiere dofir jiddwer Besicher, se an eisem “Offline Chat-Room” plaz zehuelen an mat eis an d’Gespréich ze kommen.


 
    


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!