Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Här Braz, halt iech endlech un EU Recht! Kippt d’Virratsdatespäicherung

Nodeems den EUGh um Kierchbierg elo well fir d’zweete Kéier kloer gestallt huet, datt ulasslos Virratsdatespäicherung nët mat EU Recht ze vereinbaren ass, fuerdert d’Piratepartei wéi och bei der éischter Kéier, datt den Här Braz d’Konsequenzen aus dësem Uerteel zitt an d’Virratsdatespäicherung, bei där d’Kommunikatiounsmetadaten vun alle Bierger ouni Grond gespäichert ginn, direkt stoppt.
De Sven Clement, President vun der Piratepartei seet dozou:
Wéi Berlin, Nice an all déi aner Attentater an der rezenter Vergaangenheet bewisen hunn, schützt d’Virratsdatespäicherung eis net virun Terroristen a Kriminellen. Gläichzäiteg ginn awer d’Rechter vun all Bierger op Privatsphäre ofgeschaaft. Den EUGh huet hei op en Neits eng wichteg a richteg Entscheedung getraff: Grondrechter dierfen net um Altor vun enger verfeelter Sécherheetspolitik geaffert ginn!
De Camille Liesch, Vize-President vun der Piratepartei ergänzt:
E Justizminister, dee Gesetzer verteidegt, déi elo schonns am Sënn zweemol beim EUGh duerchgefall sinn, ass net credibel. Ganz dovunner ofgesinn, datt déi Gréng ugetruede waren, fir d’Virratsdatespäicherung ze stoppen, ass et paradoxal wa grad e grénge Justizminister an aler Schily-Manéier hei Grondrechter mat de Féiss trëppelt! Här Braz, héiert op eis EU-Riichter an stitt endlech zu ärem Walverspriechen!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!