Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Nuetszich: Gutt Iddi, schlecht ëmgesat!

D’Piratepartei freet sech driwwer, datt ab Dezember vun dësem Joer un endlech weekends eng Rei vun Nuetszich duerch d’Land fueren. Déi genau Ëmsetzung dovunner léisst awer däitlech ze wënschen iwwreg. Sou ginn “aus kommerzielle Grënn” just d’Linn 60 iwwer Esch/Uelzecht op Rodange, souwéi d’Linn 10 an den Norden ugefuer an do dann och mol net all Arrêt. D’Pirate fuerderen dowéinst sou séier wéi méiglech kloer Nobesserungen, dëst souwuel vun der Regierung, wéi och vun de Gemengen.

Nuetszich sinn e wichtege Schratt fir engersäits den ëffentlechen Transport méi attraktiv ze maachen an anerersäits géint Autosaccidenter vu jonke Mënschen op eise Stroosse virzegoen. Dowéinst begréisse mir dës laang iwwerfälleg Mesure vun der Regierung.

sou de Camille Liesch, Vizepresident vun der Piratepartei.

Ëmsou méi wichteg ass et dann awer och, datt d’Ëmsetzung gutt ass, an dat ass se awer leider absolut net.

D’Pirate wonneren sech nämlech doriwwer, datt nëmmen 2 Linnen am Land vun dëser Mesure profitéiere sollen.

All Weekend si Jugendlecher aus dem ganze Land mam Auto op Baler a Partys ënnerwee. Wisou de gréngen Transportminister Bausch, dee soss iwwerall resolut de Kampf géint d’Doudeger a Schwéierblesséierter op de Lëtzebuerger Stroosse féiert, dann awer grad hei Angscht viru sengem eegene Courage huet, kënne mir absolut net novollzéien.

Mä och do wou den Nuetszuch fiert ass net alles gutt. Sou wäerten et am Norde keng Korrespondenzen op Wolz an Dikrech ginn, an anescht ewéi am Minette wäerten och keng extra Nuetsbusser am Norde fueren. Hei ass virun allem d’Inaktivitéit vun den Nordstadgemengen ze bemängelen, sollen zu Ettelbréck an Dikrech jo geschwënn eng nei Groussraumdisco souwéi een neie Kino opgoen, déi och nach eng Kéier vill Jugendlecher um Weekend unzéie wäerten.

Wéi d’lescht Joer ugekënnegt gouf, datt Nuetszich an der Planung wieren huet de Minister Bausch kloer gesot, datt och d’Gemengen een Deel vun der Verantwortung beim Nuetstransport ze droen hätten. Während sech d’Gemengen am Süde séier iwwer dësen zousätzlechen Transport eens gi sinn, gouf sech am Norden net mol grouss domadder beschäftegt.

sou de Camille Liesch weider.

Et kann een sech eiser Meenung no net ëmmer driwwer opreegen, datt ee vun der Regierung net déi Ënnerstëtzung kritt, déi een eigentlech verdéngt hätt, fir sech dann, wann mol eppes fir d’Leit am Norde gemaach gëtt, sech beispillsweis hannert enger Offer vum Nightrider ze verstoppen a keng zousätzlech Mesuren ze huelen. Dës Virgoensweis ass enorm enttäuschend.


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!