Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Piratepartei wielt op hirem Landeskongress en neie Präsidium

D’Piratepartei huet op hirem uerdentleche Landeskongress 2016 zu Hielem en neie
Präsidium gewielt. Dëse setzt sech wéi folgt zesummen:
  • Parteipresident: Sven CLEMENT (27 Joer, Entrepreneur, Stad Lëtzebuerg)
  • Vize-Präsident: Camille LIESCH (69 Joer, Rentner, Olm)
  • Generalsekretär: Andy MAAR (32 Joer, Informatiker, Reiler)
  • Tresorier: Ben ALLARD (28 Joer, Student, Wëlwerwoltz, Kiischpelt)
  • Memberen: Lucie KUNAKOVA (43 Joer, Employé communal, Stad Lëtzebuerg)
  • René SCHMIT (52 Joer, Indépendant, Rued-Syr)
  • Jérôme BECKER (26 Joer, Employé, Beefort)

De Sven CLEMENT gouf mat 91,67% als President erëmgewielt a sot no der Wal: „Ech fréeë mech op déi nächst Walkämpf bei deenen d’Piraten weisen wäerten datt mir en richteg Alternativ zur etabléierter Politik sinn.“
Ze notéieren ass am besonneschen den neien Vize-Präsident Camille LIESCH deen erkläert: „Mat dëser neier Ekipp, déi d’ganzt Land, all Beruffsgruppen an all Alter ofdeckt geet et elo an d’Gemengewahlen.“
Um Landeskongress sinn niewt den statutareschen Präsidiumswalen och nach weider Porgrammuntreeg an Strategien am Kader vun de Gemengewalen an engem Joer diskutéiert ginn.
“Mir kommen aktuell mat eise Präparatiounen fir d’Gemengewalen zimlech gutt virun. D’Aarbechtsgruppen hunn bis ewell schon en zolidde Programm opgestallt an d’Lëschten an den eenzelnen Gemengen fëlle sech.” seet den Andy MAAR, Generalsekretär vun der Piratepartei.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!