Piratepartei Lëtzebuerg

Reboot Luxembourg!

Piratepartei offréiert dem Här Asselborn eng Vakanz an Afghanistan

No der Annonce eng Réi – ob 20 oder 6 deet näischt zur Saach – Demandeurs de protection internationale (DPI) an Afghanistan zeréckzeféieren stéisst bei der Piratepartei op kee Versteesdemech. Wien sech mat der Situatioun an Afghanistan beschäftegt mierkt séier datt dëst Land leider net als séchert Hierkonftsland no Dublin Critèren deklaréiert dierf ginn.

Fir op déi onsécher Situatioun an Afghanistan opmierksam ze maachen offréiert d’Piratepartei dem verantwortleche Minister Jean Asselborn eng Vakanz an de Regiounen vun de betraffene Flüchtlingen.

„Mir invitéieren den Här Asselborn sech als ,citoyen lambda’ an ouni diplomatesch Sécherheetsescorte e Bild vun der Situatioun an Afghanistan ze maachen éiert en iwwert d’Réckféierung vun de Betraffenen entscheet.“ sou de Sven CLEMENT, „Alleng datt et den Taliban rezent rëm gelongen ass Kundus anzehuelen weist datt Afghanistan nach kee séchert Land ass.“

Nieft der Fro op Afghanistan e séchert Land ass, stellt sech och d’Fro ob een en DPI op déi singulär a binär Fro no der Sécherheet vu sengem Land dierf reduzéieren. D’Piratepartei ass der Meenung datt et och a villen „séchere“ Länner nach ëmmer Fluchtursaache ginn, sou z.B. aktuell a Russland fir LGTBQ*-Persounen. Dofir brauch et en Ëmdenken an eiser Asylpolitik, déi verantwortlech Ministère brauche genuch Ressourcen fir Demanden séier an ënner Abezéiung vun all Detail ze bewäerten amplaz iwwerschafft ze sinn an DPI’en méintelaang op en éischten interview waarden ze loossen.


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>

Dëst kéint Dech och interesséieren:

Vertrau kengem Walspot – informéier Dech!